D’Aktualitéit aus der Aarbechtswelt mam J-Pol Roden.
Ee wuel net grad alldeegleche Beruff: eng Déngschtleeschtung aus dem Beräich vun der Logistik bei där, wéi den Numm et scho seet, de Vëlo agesat gëtt, fir kleng Päck oder Enveloppë vun A op B ze transportéieren. Kann een hei zu Lëtzebuerg als Vëlos-Coursier genuch Sue verdéngen, fir iwwert d'Ronnen ze kommen? Den Tom Hermes ënnerhält sech mam Phil …
D'Isabelle Weisen ass eng jonk Kächin. Zanter kuerzem schafft si Freelance an hirem Beruff. Wou huet si studéiert a wéi schwiereg ass et, an d'Beruffswelt eranzekommen? Doriwwer schwätzt d'Tessy Steffen Koenig mat der 27 Joer aler Fra.By radio 100,7
Dacks gëtt e Burnout als Zeeche vu Schwächt ugesinn an déi Concernéiert musse sech géint Prejugée wéi, datt se net gäre schaffe géifen, liddereg wieren, inkompetent an onzouverlässeg, a villes méi, wieren. En Zréck an de Beruff nom Burnout ass doduerch enorm schwéier. Wat awer ass un dëse Viruerteeler drun a wéi stabil kann eng Persoun no engem Bur…
Firwat gi spezifesch Coursen säitens dem IUIL am Spidolwiesen ugebueden?By radio 100,7
De J-Pol Roden informéiert iwwert d'Aarbechtswelt vum Direkter vum Zenter fir Altersfroen.By radio 100,7
Si schaffe mat klenge Kanner, mat jonke Leit, mat Erwuessenen, mat Behënnerten, mat kranke wéi mat ale Leit, léieren (eduquéieren), beroden, informéieren, mä virun allem ënnerstëtze se Mënschen! Dernieft iwwerhuele se munnech Responsabilitéiten op hiren Aarbechtsplazen. Gronn genuch, datt de J-Pol Roden d’Beruffsbild vum Educateur gradué ënnert d’L…
Den Affekot ass e fräie Beruff, deemno kee Commerce. Den Affekote-Beruff ass kee klassesche Beruff, wéi en Handwierksmann. Op där anerer Säit ass en ofwiesslungsräich - et huet ee mat deene verschiddenste Situatiounen ze dinn. Den Affekot muss sech un d’Regele vuN den EU-Bestëmmunge vum CCBE, The Council of Bars and Law Societies of Europe, halen. …
A
Aarbechtsplaz


1
De Master an der Täsch an awer ouni fest Ustellung
8:56
8:56
Play later
Play later
Lists
Like
Liked
8:56
Nom Studium ass et nach ee laange Wee bis ee Schoul dierf halen. De j-pol Roden am Gespréich mam Gilles Marson, dee wëll Lëtzebuergesch enseignéieren an elo nach en Exame muss packen.By radio 100,7
Fir Leit mat enger Sehbehënnerung an déi an engem aarbechtsfäegen Alter tëscht 16 a 60 Joer sinn, besser an den Aarbechtsmaart z’integréieren, gëtt et de Bierschbecher Atelier. An Aarbechtsplaz stellt de Jean-Pol Roden de Bierschbecher Atelier vir, deen nieft de Strukture vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung zu Rolléng bei Miersch ze fannen ass.…
Wat heescht et, blann ze sinn a wéi gesäit d’Zesummeliewen an der Gesellschaft aus. De Jean-Paul Roden huet sech mam Roger Hoffmann, dem President vun der „Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung“ an der Renée Michel, déi selwer blann ass, ënnerhal.By radio 100,7
Vum Hierscht 2016 u funktionéiert zu Déifferdeng eng international Schoul fir de Fondamental an de Lycée. De Gérard Zens gouf vun der Regierung als 'chargé de Mission' genannt, fir dës Schoul, déi eenzeg zu Lëtzebuerg, an d'Liewen ze ruffen. De Jean-Pol Roden kuckt hannert d'Kulisse vun deem neie Konstrukt, fir eraus ze fanne wéi een dann d'Aufgab …
Via den CIRP (de Centre d'Insertion et de Réinsertion Professionnelle) kréie Jonker, déi kee Schoulofschloss hunn, d’Méiglechkeet iwwert genee definéiert Mesuren, mol iwwerhaapt ze schaffen. Dat geschitt konkret via d’Solidarité Jeunes asbl, déi mat der Jongenheem asbl – an dësem Fall dem CIRP – sech dësem héijen Zil verschriwwen huet. Konkret erla…
Si schaffe wann déi aner feieren a si schaffen, fir datt déi aner kënne feieren, op Hochzäiten, Chrëschtdag, Kommioun oder bei aner festleche Geleeënheeten: d’Personal an der Gastronomie. Ob Kach, Kichejong oder Serveuse, hir Aarbechtszäite sinn onregelméisseg a bis spéit an den Owend, sonndes an op Feierdeeg. Mä wéi ass hir Aarbechtszäit geregelt,…
Zanter de Lycée technique pour professions éducatives et sociales 2005 zu Miersch an d’Liewen geruff gouf, krute méi wéi 2000 Educateuren hiren Diplom. Gläichzäiteg hunn eng grouss Zuel un Erwuessener, déi am Land liewen, sou eng Formatioun am Ausland iwwert de Wee vun enger zweeter Qualifikatiouns-Chance gesicht a font. Méi wéi 200 équivalences du…
An der Rubrik Aarbechtsplaz beschäftegt de J-Pol Roden sech haut mam Beetebuerger Mäerchepark. De Parc Merveilleux gouf 1997 vun der APEMH iwwerholl a funktionéiert haut als inklusiven Atelier protégé wou eng 75 geeschteg behënnert Matbierger eng flott Aabechtsplaz hunn.By radio 100,7
An der Rubrik Aarbechtsplaz beschäftegt de J-Pol Roden sech mat der Importenz vun de Sozialwahlen ! Am éischten Deel bezitt den Aarbechtsminister Nicolas Schmit dozou Positioun an am zweeten Deel kënnt den CSV-President Marc Spautz zu Wuert. (Rediff. um 18.20) 09:50 MeteoBy radio 100,7
An der Rubrik Arbechtsplaz beliicht de J-Pol Roden wéi de Guy Masselter iwwert den Ëmwee vum Schoulinspekter säi perséinlechen Dramberuff Schräiner méiglech gemach huet. Am 2. Deel ginn et weider Explikatioune wéi e Schräinerbetriib am 3. Joerdausend funktionéiert.By radio 100,7
An der Rubrik Aarbechtsplatz beschäftegt sech de J-Pol Roden an den nächste Minutte mat deene Beruffer, déi ee bei der lëtzebuerger Arméi erléieren kann. Dat aus guddem Grond, soll dach d’Arméi, an enker Zesummenaarbecht mat der ADEM an dem Schoulministère, en d’Jobcenter ginn. Wéi dat Ganzt fonktionéiere soll a wat een u connaissances generals mat…
Thema an der Rubrik Aarbechtsplaatz ass haut de Psychiater. De Psychiater ass en universitäre Beruf a wäit ewech vu gewëssen Clichésen déi iwwert ’Psychiatrie doruechter zirkuléieren. De J-Pol Roden presentéiert. (Rediff. um 18:20) 09:50 MeteoBy radio 100,7
Am éischten Deel vun der Rubrik Aarbechtsplaz zielt den Dr. Pierre Blaise, wéi ee säitens dem Service Santé au Travail dans l’Industrie deenen eenzelne Betriber hëlleft, datt d’Leit ouni Accidenter hir Aarbechten maache kënnen. Dernieft informéiert den Aarbechtsmedeziner, wéi d’Patronen berode ginn, datt d’Leit sech gutt op hirer Aarbecht spieren. …
Eng vun de Prioritéite vum neien EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ass den Ausbau vum digitale Bannemaart. An deem stécht vill Potential, grad wat d’Schafe vun Aarbechtsplazen ugeet. An der Aarbechtswelt muss et e Paradigmewiessel ginn, et gëllt awer och d’Gefore vun enger digitaliséierter Welt ze erkennen. Wou sti mir haut, a virun alle…
Dem Member vun der Europäescher Zentralbank, dem Yves Mersch mécht deen héije Chômagetaux uechter Europa Suergen. Dat sot hien déi lescht Woch an enger Ried, wou eng 70 Universitären hiren Doktortitel kruten. En akademeschen Ofschloss ass wichteg fir d’Sich no enger adäquater Aarbecht an awer keng Garantie fir eng sécher Aarbechtsplaz. Grad déi Jon…