Best tourismus podcasts we could find (Updated December 2018)
Related podcasts: News Society  
Tourismus public [search 0]
show episodes
 
De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.
 
E
Economicus
Monthly+
 
Aktuell Wirtschafts-Themen, national an international.
 
Loading …
show series
 
An den 80er Jore war "De Superjhemp" als Persiflage d'Äntwert op en neit Nationalbewosstsinn. Mat vill Sproochwitz a groteske Personnagë rett de Superjhemp de Lëtzebuerger Mikrokosmos virun all méigleche Geforen. Spezifesch um Superjhemp ass, datt hien en nationale Comic-Held ass. Hien ass am Ausland sou gutt wéi onbekannt, wat sech eben aus en ...…
 
Vum Ufank vum 19. Joerhonnert bis haut zitt sech de Sproochwitz duerch d'Lëtzebuerger Literatur. De Sproochwitz war - an ass - Instrument fir gesellschaftlech Zoustänn ze kritiséieren oder och an d'Lächerlecht ze zéien. Nieft der Literatur war de Sproochwitz en essentiellt Element a Publikatioune wéi dem Peck-Villchen oder der Wäschfra.…
 
D'Kultur vun der Lëtzebuerger Satir geet bis Mëtt vum 19. Joerhonnert zeréck. Am Mee 1868 koum déi éischt Editioun vun der Wäschfra eraus, eng humoristesch-satiresch Wochenzäitschrëft. An den 20er vum leschte Joerhonnert waren et da virum Zweete Weltkrich de Gukuk an de Mitock an 1945 de Peck-Villchen. Beim Peck-Villchen huet d'Satir besonnesch ...…
 
Dës Woch steet Lëtzebuerg nees am Mëttelpunkt vun der internationaler Gastronomie. An der Luxexpo um Kierchbierg bedeelege sech iwwer 3.000 Käch aus 78 Länner um Culinary World Cup. Et ass dat eng gutt Geleeënheet fir d'Käch auszetauschen, et ass dat awer och fir Lëtzebuerg d'Occasioun, Publicitéit fir d'Land, och als kulinaresch Rees-Destinati ...…
 
Kachbicher- an Zäitschrëften, dat ass hautdesdaags méi wéi eng Kollektioun vu Rezepter. Kachen an Iessen ass hautdesdaags och den Ausdrock vu senger eegener perséinlecher Liewensform, wat och mat Lifestyle beschriwwe gëtt an och den Design mat abezitt. D'Publikatioune vun deem Genre reagéieren op d'Besoine vun hire Lieser. Sinn d'Kachzäitschrëf ...…
 
De gudde, laange Summer war ideal fir d'Lëtzebuerger Wënzer. 2018 versprécht en excellente Millésime ze ginn. Am internationale Verglach muss de Lëtzebuerger Wäi sech net méi verstoppen. D'Offer u gudde Wäiner gëtt ëmmer méi grouss. Op der anerer Säit gëtt awer och d'Zuel vun de Wënzer ëmmer méi kleng.…
 
Och wann d'Reputatioun vun der Hotelsschoul eng gutt ass, schafft een op e puer Pläng fir si nach ze verbesseren. Graphesch huet se sech eng nei Identitéit ginn: de fréiere Lycée technique ass elo eng Ecole d'hôtellerie. Primordial war a bleift awer d'Formatioun. D'Leitmotiv ass hei d'Striewen no Excellenz.…
 
Sech zesummeschléisse fir méi staark ze ginn, fir d'Interessie besser kënnen duerchzesetzen a fir dem Client eng héichwäerteg Qualitéit ze liwweren, dat waren d'Iwwerleeunge fir déi nei Konfederatioun vum Liewensmëttelhandwierk ze grënnen. Gemeinsam hunn d'Metieren aus dem Liewensmëttel-Secteur, datt si ëmmer nees EU-Direktive mussen ëmsetzen, ...…
 
Craft - Handwierk, sou beschreiwen d'Mikrobrauereien hire Metier. Keng industriell Produktioun, mee Béier mat der Hand gemaach. Vum Handwierk zur industrieller Produktioun an nees zeréck, dee Wee huet och d'Mousels-Brauerei gemaach. Als Familljebetrib 1825 gegrënnt, gouf d'Brasserie de Luxembourg 2000 vum internationale Konzern Interbrew opkaaf ...…
 
Lëtzebuerg ass eng beléiften Destinatioun fir Touristen. E wichtege Rôle spillt hei d'Gastronomie. An hei ass d'Land gutt opgestallt, heescht et bei der Promotiounsagence Luxembourg for Tourism. Zwielef Restaurante mat Stär ginn et am Grand-Duché. Do dernieft awer och déi sëllech Food-Trucks. Haute Cuisine a Fast Food. Déi gastronomesch Offer a ...…
 
D'Geschicht vun den audiovisuelle Medien hei am Land ass och d'Geschicht vu franséieschen Industriellen a Politiker. Ugefaangen huet alles an den 20er Joere mat engem Radio "périphérique", Radio Luxembourg. Aus dem Radio sollt da spéider d'CLR, d'CLT a schlussendlech den RTL-Group entstoen, de Leader Nummer eent an Europa.…
 
Laut Forbes Global 2000, der Lëscht mat den 2.000 weltwäit gréissten, un der Bourse notéierte Gesellschaften, steet Amazon dëst Joer mat engem Ëmsaz vu ronn 190 Milliarden US-Dollar op der 53. Plaz. Eng Kapitaliséierung vun iwwer 750 Milliarden Dollar kann Amazon verbuchen. Amazon an hir Medien: Vu Shoping bis Streaming.…
 
D'Publicitéit, den Annoncë-Marché ass e wichtege Pilier vum Geschäftsmodell vun enger Zeitung oder vun den audiovisuelle Medien. Et ass dat ee Marché, dee permanent an der Evolutioun ass. Aktuell kann ee feststellen, dass den traditionelle Print, d'Zeitungen also, Stécker vum Publicitéitskuch verléieren an déi elektronesch Medien, wéi och déi s ...…
 
Mediepolitik huet vill Aspekter. Een Aspekt ass, datt d'Politik e Mediepluralismus hei am Land muss garantéieren. D'Politik däerf sech awer net an déi alldeeglech journalistesch Aarbecht amëschen. Mécht si och net. Och wann déi rezent Diskussioun ëm d'Gouvernance vum radio 100,7 hei e falscht Bild vermëttele kéint.…
 
D'Tendenz weist ganz kloer ewech vum traditionelle Print hin zu den elektroneschen Zeitungen, E-Papers oder Appen op de Smartphonen. Mee och hanner deene Publikatioune stécht Manpower, Journalisten, déi d'Artikele schreiwen. Deemno mussen och déi elektronesch Publikatioune finanzéiert ginn. E Modell ass hei déi sougenannt Paywall, wou een als L ...…
 
Plaz 17 vun 180 am internationale Ranking vun der Pressefräiheet, kléngt gutt. Et gouf awer scho besser Zäiten. Plaz 17 bedeit och, datt Lëtzebuerg hanner der Belsch an Däitschland, mee och hanner Länner wéi Jamaika a Costa Rica läit. Wat ass den alldeegleche Kampf vun engem Lëtzebuerger Journalist a Saachen Informatiounszougang an Informantesc ...…
 
Wat ass den Inhalt vun de Radios- an Tëleesprogrammer? Ginn zum Beispill d'Mineure genuch geschützt, gëtt et vläicht rassistesch Contenuen, gëtt net ze vill Publicitéit gesent, an ass hei eng kloer Trennung tëschent dem redaktionnellen a kommerzielle Volet? Mat all deene Froe beschäftegt sech d'ALIA, d'Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l ...…
 
Déi traditionell Printmedie maache sech schonns zanter enger Zäitchen op fir déi digital Technologien. Wat fréier nëmmen um Pabeier ze liese war, ass haut iwwer Appen, E-Paper, Artikelen op Facebook oder Tweets op Twitter disponibel. Op där enger Säit wëllt een domat weider Lieser gewannen, op der anerer Säit reagéiert een domat och op nei Exig ...…
 
Den Usproch ass ambitiéis: Méi wéi e rengen Informatiounsjournalismus, mee e fundéierten, investigative Journalismus mat Hannergrond, dat ass dat erkläerten Zil vun der neier journalistescher Internet-Zeitung reporter.lu. De Projet reporter.lu finanzéiert sech mat Crowdfunding an Abonnenten, op Annonceure wëllt déi jonk Equipe komplett verzicht ...…
 
D'Tageblatt ass rout a gëtt vun der Gewerkschaft OGBL dirigéiert, d'Luxembuger Wort ass schwaarz a gëtt nach ëmmer vun der Kierch dominéiert, RTL iwwerlieft nëmme mat Hëllef vun engem Konzessiounsvertrag mam Staat an de radio 100,7 gëtt jo souwisou zu 100 Prozent vum Staat finanzéiert. Stëmmen all déi Klischeeën oder ass d'Medielandschaft awer ...…
 
DAB plus, den Digital Audio Broadcast ass d'Zukunft vum Radio a wäert den analogen UKW oder FM geschwënn ofléisen, soen d'Verdeedeger vun der neier Radio-Technologie. An dofir gëtt uechter ganz Europa den DAB-Reseau intensiv ausgebaut, nëmme Lëtzebuerg ass nach eng DAB-fräi Insel. DAB jo oder neen - dat war an ass nach ëmmer hei am Land e Polit ...…
 
D'80er Jore waren hei am Land d'Jore vun de Pirate-Radioen. De Radio Grénge Fluesfénkelchen, de RadAU an de Radio UkaWeechelchen waren net-kommerziell partizipativ Radiostatioune, mä eben illegal. Mat der Liberaliséierung vun der Radiolandschaft 1993, ass dunn de Radio ARA gegrënnt ginn, nieft dem staatleche sozio-kulturelle Radio 100,7, an de ...…
 
Kaum ee wëssenschaftleche Sujet huet d'Mënschen esou beschäftegt wéi d'Genetik. Allerdéngs heefeg aus egoistesche Grënn. Net esou den Alain Frantz. De Conservateur vun der Zoologie-Sektioun vum Natur Musée am Gronn ass ausgebilten Naturschutz-Genetiker. Mam Kerstin Thalau huet hien iwwer seng Formatioun, säin Engagement fir d'Biodiversitéit an ...…
 
Et war op Nationalfeierdag 1974 wéi d'Amis du Rail fir eng éischte Kéier eng Grupperees op d'belsch Plage organiséiert hunn. Op Grond vum grousse Succès gouf et dann d'Joer drop déi éischt Zuchrees, den Ufank vum Blankenberg-Express, deen dann nees fir eng éischte Kéier als Direktverbindung 1978 gefuer ass. D'lescht Joer an dëst Joer gouf et, g ...…
 
Eng zweet besonnesch Relatioun Mënsch-Ozean féiert vun alen Zivilisatioune bis haut, bis muer a bitt Léisungen, wéi et trotz Klimaerwierme weidergoe kéint. Architektur an Urbanismus presentéiere Solutiounen, op déi den Historiker eis opmierksam mécht. Hannergrënn vum Roger Seimetz.By podcast@100komma7.lu (radio 100,7).
 
Plastiksfläschen, déi um oppene Mier dreiwen a vun Ëmweltschützer agesammelt ginn, déi Biller gesäit en den Ament dacks op der Tëlee. Wat ee manner gesäit ass de Klimawandel. D'Arktis ass hei den Epizenter vum Klimawiessel. Temperatur klëmmt, Bëscher entstinn do, wou virun 20 Joer nach Äis war. Am Kampf géint de Klimawandel ass och d'Lëtzebuerg ...…
 
Mat de Gesetzer vun der Propriété Intellectuelle kënnen Erfindungen, Marken a Kreatioune geschützt ginn. Am digitalen Zäitalter gëtt dat fir kreativ Leit a Betriber ëmmer méi wichteg. D'lescht Woch war an der Chambre de Commerce déi 11. Editioun vun der Journée luxembourgeoise de la propriété intellectuelle. De Pierre Reyland huet bei där Gelee ...…
 
Avec le changement climatique, les vignerons belges voient les choses en vert. Selon les amateurs du secteur, le regain de chaleur dans les vignes belges pourraient amener les vignerons à concurrencer les vins français et luxembourgeois. De nombreux producteurs locaux tentent déjà l'aventure. Reportage chez l'un d'entre eux de Loreline Merelle.…
 
De Wuesstum steet zu Lëtzebuerg ëmmer erëm am Mëttelpunkt vun der politescher Debatt. Verschidden Ekonomisten zweiwelen drun, datt e Wirtschaftsmodell deen op e kontinuéierleche Wuesstum vum PIB opbaut ekologesch nohalteg a sozial gerecht ka gestallt ginn. D'Fanny Kinsch huet mat zwee Wirtschaftsexperte geschwat - iwwer aktuell wirtschaftlech T ...…
 
De franséische Chercheur Sébastien Stenger huet sech de Personalmanagement vun enger vun de sougenannte Big Four fir seng Doktorthes vu bannen ugekuckt an d'Resultat an engem Buch verëffentlecht. Deloitte Lëtzebuerg gesäit seng Analys éischter kritesch. D'Françoise Keller informéiert.By podcast@100komma7.lu (radio 100,7).
 
De Programm Business Partnership Facility ass fir Kleng- a Mëttelbetriber geduecht, déi an de sougenannte Pays cibles vu Lëtzebuerg wëllen investéieren. Konditioun dofir ass virun allem déi nohalteg Entwécklungsziler ze respektéieren. Ënnerstëtzt ginn d'Projete mat bis zu 50 Prozent vum Kooperatiounsministère.…
 
Eng nohalteg Entwécklung, déi op de Prinzipie vun der Economie circulaire baséiert, ass d'Zil vun der Stad Wolz. Fir dësem Zil gerecht ze ginn, verflicht d'Gemeng sech bei alle Projeten d'Philosophie vun der Economie circulaire ze respektéieren. Dofir huet Wolz elo eng Charta ausgeschafft an ënnerschriwwen, wou op zéng Punkten opgelëscht gëtt, ...…
 
D'Veräinsliewen um Gemengenniveau méi visibel maachen, d'Kommunikatioun ënnert de Veräiner verbesseren an nei Memberen gewannen, dat versprécht d'Start-up ORGA50 de lokalen Associatiounen. ORGA50 - dohannert stinn eng dräi jonk Entrepreneuren, déi elo mat de Gemengen Hesper a Stroossen zwou kommunal Administratioune fir hire Projet gewonnen hunn.…
 
De Staat léisst sech d'Innovatioun eppes kaschten. En neit Gesetz versprécht staatlech Bäihëllefe fir Handwierksbetriber, egal wéi grouss oder kleng de Betrib ass. Konditioun ass, dass de Betrib a Projeten am Beräich vun der Recherche an dem Développement investéiert. Dat neit Gesetz baséiert op enger europäescher Direktive.…
 
Näischt ewech geheien, mä recycléieren an dorausser nees en neit Produkt maachen ass d'Philosophie vun der Kreeslafwirtschaft. Dozou gehéiert och, sech vum perséinlechen Eegentum ze trennen a Saachen nëmmen nach ze lounen. D'Philosophie vun der Kreeslafwirtschaft ass hautdesdaags kee Luxus, mä eng Iwwwerliewensnoutwendegkeet fir eise Planéit. A ...…
 
D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg hat a Saache Jughurt-Fabrick zu Beetebuerg hiren Homolog, de Wirtschaftsminister Etienne Schneider net nëmmen op den héije Waasserverbrauch vu sou enger Fabrick opmierksam gemaach, wat och hire Rôle als Ëmweltministerin wier, mä och drop opmierksam gemaach, dass e Betrib wéi de Jughurt-Produzent Fage net ko ...…
 
D'Tendenz ass ganz kloer: Wunnen a Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi deier. An de leschte Joren sinn d'Präisser ëm 40 Prozent ugezunn. Gëtt Wunnen zu engem Luxus? Wien ass responsabel fir d'Präis- Spiral a wéi eng Roll soll de Staat spille fir dezent Wunnen ze erméiglechen?By podcast@100komma7.lu (radio 100,7).
 
Nom Rekordjoer 2017 am Tourismus kuckt een am Tourismusministère weider an d'Zukunft a setzt mat der Strategie vum Secteur de Kader. D'Strategie baséiert op aacht Pilieren a setzt sech ambitiéis Ziler fir déi nächst fënnef Joer. Den zéngte Fënnefjoresplang léisst d'Regierung sech 60 Milliounen Euro kaschten a setzt domat op e Qualitéitstourismus.…
 
D'Polemik am Virfeld war grouss, zënter engem Mount fiert den Tram. D'Leit appreciéieren deen neie Zerwiss vum ëffentlechen Transport. Den Transportminister François Bausch zitt elo schonn e positive Bilan. Den Tracé vun der Luxexpo bis bei déi Rout Bréck ass eréischt den Ufank, schlussendlech soll den Tram vum Findel bis op Leideleng fueren. M ...…
 
Europäesch Projeten, déi vu Gemengen, Associatiounen oder aneren Non-Profit-Organisatioune realiséiert ginn, erfuerderen deelweis och e spezielle Support. Hei kommen dann d'Start-uppen an d'Spill, déi ënnert anerem Gemenge bei engem bestëmmte Projet hëllefen, zum Beispill fir e Jugendgemengerot méi attraktiv ze maachen. Hei kënne dann d'Start-u ...…
 
Opbauen, produzéieren, benotzen, ewechgeheien, dat war gëschter. Synergien, nohalteg Infrastrukture a Produkter schafen, dat ass d'Visioun. D'Prinzipie vun der Kreeslafwirtschaft konkret an enger Aktivitéitszon ëmsetzen, an enger Aktivitéitszon, déi schonn existéiert, dat ass d'Erausfuerderung. Fir d'Aktivitéitszon Eselbur-Lenzweiler bei Klierf ...…
 
60 Joer nodeems déi europäesch Agrarpolitik an d'Liewe geruff gouf, soll si nees eemol reforméiert ginn. D'Visioun vun der EU-Kommissioun ass, de Memberstaaten an der Agrarpolitik, déi ëmmerhi 40 Prozent vum gesamten europäesche Budget ausmécht, méi Spillraum ze ginn, wou si d'Subventiounen asetzen, fir gemeinsam Ziler a Saachen Ëmwelt, Klimawa ...…
 
Banken, Assurancë-Gesellschaften, Neel-Studioen, Bäcker oder Medien: Wat kënnt op d'Entreprisë vum Mee d'nächst Joer un duer, déi Informatiounen iwwert hir Cliente sammelen, wann den europäesche Règlement général sur la protection des données a Kraaft trëtt? Vertrieder vun der nationaler Dateschutzkommissioun hunn Äntwerten op d'Froe vun den En ...…
 
D'Aarbechtsprozesser am Handwierk an an der Restauratioun ginn ëmmer méi automatiséiert. Dës Automatiséierung erfuerdert, nei Weeër an der Formatioun vun de Mataarbechter ze goen. De Mënsch iwwerléisst de Maschinnen en Deel vu senger Aarbecht, muss awer léieren, si ze programméieren. Maschinell Produktioun däerf a soll awer net d'Enn vun der Ha ...…
 
Déi lescht Woch war Zäit, en éischten Tëschebilan vun der drëtter industrieller Revolutioun ze zéien, déi d'lescht Joer mat der Presentatioun vun der Rifkin-Etude lancéiert gi war. Nohalteg a sozial gerecht, sou beschreiwen d'Acteuren d'Visioun vun der wirtschaftlecher Zukunft. Nohalteg heescht, iwwert eng Neiorganisatioun vun der Energieversue ...…
 
Wéi 1967 deen éischte Cactus-Supermarché zu Bäreldeng opgaangen ass, war dat absolut Neiland fir de Kaffi-Réischter-Betrib Leesch. Aus dem éischte Cactus sollt bis haut eng ganz Chaîne vun Hypermarchéen, Supermarchéen, Marchéen, Shoppien an Hobbie ginn. Mä anescht wéi nach 1967 ass de Cactus-Grupp kee Monopolist méi a muss sech an enger Branche ...…
 
Wéi grouss ass d'Bereetschaft vun de Baueren an Zukunft biologesch ze produzéieren? Dat wollt e Sondage erausfannen, deen am Kader vun enger Bachelor-Aarbecht gemaach gouf. Deemno denkt ronn d'Halschent vun de Baueren, déi hiren Haff nach konventionell féieren, doriwwer no, an Zukunft op Herbiziden ze verzichten. De Switch vun enger konventione ...…
 
De grousse Projet fir Ufank 2018 heescht House of Start-ups a soll engen 150 Start-ups hëllefen hir Geschäftsiddien ze lancéieren a virun allem zu enger Réussite ze féieren. Entreprise wéi de fintech Inkubator LHOFT, Nyuko oder de Luxembourg City Incubator sollen derbäi hëllefen. D'FEDIL, d'Federatioun vun den Industriellen encouragéiert de Pro ...…
 
Sech a klenge Sträitfäll mat engem Mediateur eens ginn amplaz sech an deier Geriichtsprozeduren ze lancéieren: Hei well d'Associatioun vun de Mediateure sensibiliséieren. E Litige mam Mediateur ze klären, geet an de meeschte Fäll méi séier a kascht vill manner. An et ass net nëmmen de bekannten Ombudsman, fir quasi bal all Secteur gëtt et Media ...…
 
Wéi wäit muss de Konsument geschützt ginn, respektiv wéi eng Rechter huet de Consommateur, wann hien nohalteg wëllt konsuméieren? Déi Fro erkläert sech aus dem Fait, datt nach ëmmer vill Produzente Produkter verkafe mat enger sougenannter Obsolescence programmée, wat näischt aneschters heescht, wéi datt de Produit no enger bestëmmter Zäit futti ...…
 
Google login Twitter login Classic login