Besuch public
[search 0]
More

Download the App!

show episodes
 
Jede Woche Donnerstag beschäftigen sich die Gründer von Fayst mit den Themen, die Sie und das abstimmungswütige Volk interessieren. Gespickt mit Interviews, Live-Kommentaren, Gästen und Anrufen direkt in die Sendung machen jede Sendung unvorhersehbar - aber wahrlich einzigartig.
 
Loading …
show series
 
45 Muséeën, dorënner déi siwe vum Groupement vun de Stater Muséeën, plus 38 regional Haiser, invitéieren de Weekend vum 15. a 16. Mee op déi 24. Luxembourg Museum Days. 2020 war d'Manifestatioun, wéinst Corona, jo reng virtuell, mee 2021 kënnt Dir nees, tëschent Klierf a Rëmeleng, iwwer Rouspert a Biekerech, déi permanent Sammlungen an och temporär…
 
Déi Kreativ vun den zwee Industriekultur-Kollektiver DKollektiv a FerroForum preparéiere sech op 2022: deen éischte Grupp renovéiert zwou Halen um Site vum fréiere Laminoir vun Diddeleng fir participativ Projeten, deen zweete baut en Zentrum zum Theema Stol an Eisen an enger Industriebrooch zu Schëffleng op. Niewebäi hu si realiséiert, datt fréier,…
 
Bal d'Hallschent vun de Projeten, déi fir d'Kulturjoer 2022 zeréckbehale goufen, riichte sech u Kanner a Jugendlecher. Zee dovun sin d'Theaterprojeten vum Nationalen Theater vu Stroossbuerg, wou et drëms geet, Schülerinnen a Schüler grenziwwergräifend artistesch zesummen ze bréngen. Valerija Berdi huet mat der Chrystèle Guillembert vum TNS geschwat…
 
Happy Birthday Cercle Cité! Den 29. Abrëll 2011, also viru genee zéng Joer, ass de Stater Kulturzentrum opgaangen. Allerdéngs ass et ënner den aktuelle Konditiounen net méiglech, de ronne Gebuertsdag richteg ze feieren. De Cercle Cité ass awer, wéi gewinnt, eng vun de Statioune vum European Month of Photography a presentéiert an deem Kontext eng in…
 
Grenziwwerschreidend Projeten organiséieren ass, a Corona-Zäiten, kee Kannerspill. Zemools net, wann, wéi beim European Month of Photography, kuerz EMoP, eng hallef Dosen europäesch Stied involvéiert sinn: nämlech Athen/ Berlin/Lissabon/Paräis/Wien ... a Lëtzebuerg. Déi lëtzebuerger ASBL Café Crème huet den Challenge ugeholl, inauguréiert Enn Abrël…
 
2007 hu sech Foto-Associatiounen aus enger hallwer Dosen europäesche Stied zesummegedoen, fir gemeinsam den EMoP oder European Month of Photography ze organiséieren, an op déi Manéier d'Fotografie ze promovéieren. 2021 ass déi aachten Editioun, ënner dem Titel "Rethinking nature". Enn Abrëll an Ufank Mee ginn zu deem Thema zu Lëtzebuerg 26 Ausstell…
 
An Zesummenaarbecht mam Nationale Literaturarchiv organiséiert d'Mierscher Kulturhaus déi éischt Mierscher Theaterdeeg vum 6. bis den 9. Mee. De SchrëftstellerInnen, déi fir den Theater schreiwen, eng Plattform ginn, en Echange erméiglechen an eng Festival-Stëmmung opkomme loossen, sinn d'Intentiounen vun den Organisateuren. D'Valerija Berdi mat De…
 
D'Lëtzebuerger Fotografen Daniel Reuter a Lisa Kohl si fir déi renomméiert Rencontres de la photographie d'Arles selektionéiert ginn. Hu mir Iech dat net schonn zejoert annoncéiert? Effektiv huet déi 51. Editioun vun der renomméierter Manifestatioun 2020 wéinst Corona missen ofgesot an op de Summer 2021 verréckelt ginn. Lëtzebuerg ass, ënner der Le…
 
Et war eng Iwwerraschung, wéi déi amerikanesch Lyrikerin Louise Glück dat lescht Joer mam Literaturnobelpräis ausgezeechent gouf. Trotzdeem hiert Wierk an de Vereenegte Staate schonn déi héchsten Unerkennung krut, war si esouguer an den däitsch- a franséischsproochege Literaturkreesser kaum bekannt. Wien ass d'Louise Glück? Wat zeechent hir Lyrik a…
 
E Bestietnes, dat Enn den 1920er Joren nawell fir Schlagzeile gesuergt hat: am Alter vun 61 Joer hat d'Viktoria zu Schaumburg-Lippe, Schwëster vum leschten däitsche Keeser, dem 34 Jore méi jonken Alexander von Zubkoff d'Jo-Wuert ginn. A sengem ''Zoubkoff. Le roman (vrai) d'un séducteur oublié'' (L'Harmattan) zeechent den Tsé Katchour de Parcours vu…
 
Déi zwou Lëtzebuerger Co-Produktiounen, déi dës lescht Nuecht fir Oscaren nominéiert waren, ginn ouni gëlle Statu heem. De lëtzebuergesch-rumänesche Film *Collective" war fir de beschten Documentaire a fir de beschten auslännesche Film nominéiert. Den iresch-lëtzebuergeschen Animatiounsfilm "Wolfwalkers" huet et och net gepackt. Eise Korrespondent …
 
De Romain Butti, Joergang 1989, huet däitsch an englesch Literaturwëssenschaften zu Freiburg (D) studéiert, éier hien zu Berlin als Social-Media-Manager geschafft huet. No sengem Openthalt an der däitscher Metropol huet hien eng Zäit an Neuseeland gelieft, wou virun allem déi oppe Mentalitéit an déi vast Natur hien déif beandrockt hunn. Dës Andréck…
 
Zanter 1969 si Les Rencontres de la Photographie d'Arles feste Bestanddeel vum Summer-Kultur-Kalenner vun Arles. 2017 huet d'ASBL Lëtz Arles eng éischte Kéier Aarbechte vu Lëtzebuerger Fotografen an deem Kader weise kënnen. Och fir 2020 waren zwee Kënschtler vun engem Jury selektionéiert ginn. Mee Rencontres reimt net op Covid-19: d'Manifestatioun …
 
De Marc Wilwert ass 1976 zu Lëtzebuerg gebuer, huet zu Léck an zu London Fotografie studéiert. Nom Ofschloss huet hien 12 Joer laang als Pressejournalist geschafft; mëttlerweil leet hien d'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg. Dernieft huet hie sech awer och als Konschtfotograf en Numm gemaach: mat senge Portraiten, der Stroossefotografie, mat archite…
 
Virun dräi Joer hunn d'Kënschtler Raphael Gindt an Daniel Mac Lloyd de Kamellebuttek opgemaach: hir eege Konschtgalerie, mat Exporaum, Kënschtleratelieren an engem Programm fir Konschtcoursen. Beim "Buttek" handelt et sech ëm dat fréiert Haus vum Raphael Gindt senger Boma, an engem Escher Wunnquartier. Déi éischt Expoen hate grousse Succès, mee du …
 
Deen Dag, op deem dës gelungen, grouss a buuschteg Déieren um Héngerhaff opgetaucht sinn, wosst jiddwereen: NEE! Fir déi war hei keng Plaz. Mee d'Capybaraen hunn net kënnen heemgoen, well bei hinnen doheem d'Juegdsaison ugefaangen hat. An esou hunn d'Hénger an d'Capybarae musse léieren, mateneen eens ze ginn ... "An do koumen d'Capybaraen" vum Alfr…
 
Loading …

Quick Reference Guide

Copyright 2021 | Sitemap | Privacy Policy | Terms of Service
Google login Twitter login Classic login