Download the App!
show episodes
 
Loading …
show series
 
Liewe mir responsabel, am Aklang mat eis, der Gesellschaft an den nächste Generatiounen? Oder maache mir nëmme wéi wann a sinn egoistesch soubal mer net ënner Observatioun stinn? Dozou e puer Iwwerleeunge vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.By RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
An deenen nächste Woche wäerten zu Lëtzebuerg an der Chamber d’Debatten iwwert de Staatsbudget 2024 stattfannen. Dat mat e bësse Verspéidung, well duerch d’Walen am Oktober 2023 elo eréischt den definitive Budget fir dëst Joer kann ugeholl ginn. Bei deenen Debatte misst d’Steiergerechtegkeet och en Thema sinn, mengt de Sylvain Hoffmann, Direkter vu…
  continue reading
 
Beim demographesche Wandel féiert déi méi héish Liewenserwaardung an déi gläichzäiteg zréckgoend Unzuel vu Gebuerten dozou, dass méi eeler ewéi jonk Leit eis Gesellschaft ausmaachen. Eng Fro, mat der mir konfrontéiert ginn ass: Wéi kënne mir bei der bestoender Penurie Jiddereen am Alter versuergen? D’Anne-Marie Hanff, Infirmière a Fleegewëssenschaf…
  continue reading
 
Selektiv Mesuren si wichteg, grad elo wou ëmmer méi Leit Schwieregkeeten hunn, d’Enner zesummen ze bréngen. De Staat hëlleft do zum Beispill mat der “Allocation de vie chère”, der “Prime énergie”, der "Subvention de loyer". Mee finanziell Hëllef vum Staat kritt een net einfach esou; et muss een Demandë maachen. De Gaston Ternes geet a senger Carte …
  continue reading
 
An deenen nächste Méint a Joren wäert vill iwwert de Lëtzebuerger Rentesystem diskutéiert ginn. Dobäi ass et wichteg net de Fokus aus den Aen ze verléieren, dee muss dorobber leien e staarken ëffentleche System ze erhalen an auszebauen, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.By RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
D'Leit liewen ëmmer méi laang a gläichzäiteg gi chronesch Erkrankungen a Fleegebedierftegkeet ëmmer méi heefeg. Eng Aart a Weis fir déi limitéiert Ressourcen am Gesondheetssystem besser ze notze kéint sinn, dofir ze Suergen, dass d’Bevëlkerung net nëmme méi laang lieft, mä och gesond bleift.By RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Séit enger Zéit gëtt hei zu Lëtzebuerg virun allem a politesche Kreeser an domat och am Vollek iwwert d’Wuesstem vun eiser Gesellschaft diskutéiert. Hei erfannen allerhand sog. Spezialisten Ideen mat deenen sech gutt Stëmmung beim Bierger maache léist. Awer, wéi een déi Ideen ëmsetze kann , dat seet keen. Eng Carte Blanche vum Robert Weber, fréiere…
  continue reading
 
Déi al “Nature – Nurture” Debat ass iwwerlieft: D’ Wëssenschaft ass sech eens, datt engem Kand seng Entwécklung souwuel duerch geneetesch Facteure wéi duerch Erfarunge beaflosst ginn. Eng Carte Blanche iwwert d'Interaktioun tëscht dem Ëmfeld an de Geenen, déi d'Entwécklung steieren, a wat d´ Politik doraus schléisse kann, vun der Entwécklungspsycho…
  continue reading
 
Wei fragil eis Demokratien sinn, gëtt eis zënter iwwert engem Joer sou kloer gemaach wéi schonn laang net méi - sief dat an der Ukrain, Israel oder wou soll et deemnächst brennen? Heiheem wären Chamberswalen evident - de Souverän konnt schonns den Dag no de Walen e Formateur fir d'Regierung nennen - d'Welt schéngt also an der Rei, och wann et nach …
  continue reading
 
International Studie weisen drop hin, wéi grouss den Impakt vum sozioprofessionellen Hannergrond vum Jonken op seng Reussite an der Schoul ass. A wann ee vu Reussite schwätzt, kommen automatesch d’Promotiounskrittären an d’Spill. Deem Thema geet de Gaston Ternes, fréiere Schouldirekter an aktuellen Expert fir de Reseau vun den Europaschoulen a seng…
  continue reading
 
Wann et Lëtzebuerg och an Zukunft gutt goe soll, muss d’Politik bei den ustoende Parlamentswalen hire Fokus net nëmmen op de Bierger riichten, mee och op de Betriber hier Interessen agoen. Eng Carte Blanche vum Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen.By RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Et geet drëm e richtege Baucode opzestellen, dee strukturéiert, hierarchiséiert, a fir d’Koherenz suergt vun allen Texte an där Matière. Vum Pierre Hurt, directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. (oai.lu)By RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Mir sti kuerz virun engem Waltermin. Wee soll ech wielen? Et gëtt esou vill Kandidaten, Kandidatelëschten a "Parteien" wéi nach ni. Dat ass den Ausdrock vun Demokratie! Awer, wat soll dat alles? Jiddereen wëllt et besser maachen. Dat heescht jo dann, dass déi, déi et bis elo gemaach hunn, et net gutt gemaach hunn? Esou ass d'ëmfannen vun alle Kandi…
  continue reading
 
Loading …

Quick Reference Guide