A Podcast where the community decides what topics I discuss . The main topics are: Gaming , Movies ,comics, Martial arts and philosophy . I will talk about a topic until I find the truth ...
Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit
[Description]
Om grön politik, gröna möten och gröna samtal för en hållbar värld.
R
RTL - Carte Blanche


An engem Joer ass et nees sou wäit. All 5, respektiv 6 Joer geet de Lëtzebuerger Bierger, deen op de Wielerlëschten agedroen ass, bei d’Urnen. Ënnert dem politesche Regimm vun enger representativer Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie, bleift Lëtzebuerg den eenzege Grand-Duché op der Welt. Eng Carte Blanche vum Christiane Bram, …
R
RTL - Carte Blanche


1
Jean Huss: Retarden a konzeptionell Feeler bei der Realiséierung vun Ëmweltklinik an Ëmweltmedezin, 27/06/2022 12:50
A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun Akut an Exdeputéierten iwwer Retarden a konzeptionell Feeler bei der Realiséierung vun Ëmweltklinik an Ëmweltmedezin.
Haut, wou déi schlëmmsten Nowéie vun de Festivitéite misste verdaut sinn, d’Béierbänken an d’Iwwerreschter vun de Knupperte geraumt, lount et sech retrospektiv nach e puer Gedanke ronderëm den Nationalfeierdag ze maachen, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.
R
RTL - Carte Blanche


De Problem vum Hunn a vum Ee– oder e philosopheschen Denkustouss zur Politik an dem gesellschaftleche Liewen um Virowend vun Nationalfeierdag. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
R
RTL - Carte Blanche


D'viirlescht Woch gouf et am EU-Parlament zu Stroossbuerg puer wichteg Entscheedungen awer och grouss Onstëmmegkeet iwwer den neien EU-Klimapak “Fit for 55”. A sengem Kommentar vun haut schwätzt de René Winkin vun Duebelmoral a Kuerzsiichtegkeet.
A senger Carte Blanche freet de Gast Gibéryen sech, ob mer nach eng Regierung brauchen, well d’Parteien d’Ministerposte jo souwisou nëmmen nach mat net-gewielte Fonctionnairë besetze géifen.
Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner schwätzt iwwert den aktuelle Gesetzesprojet fir de Congé pour raisons familiales.
Mir sti kuerz virun engem Walmarathon an engem Kontext vu globale méi och nationale groussen Erausfuerderungen. Den aktuellen ekonomesche Kontext verlaangt, dass mer Lëtzebuerg fir Zukunft robust opstellen an deelweis mat neien Strategien a Konzepter.
Spéitstens zanter dem Coronavirus oder méi rezent den nei entdeckten Afepouken, gehéiere Viren zum allgemenge Sproochgebrauch, obwuel se scho méi laang bekannt sinn, wéi zum Beispill den Herpesvirus. Ganz besonnesch ustiechend ass an dëser Kategorie de genitalen Herpes an den – wéi den Paul Hammelmann a senger Carte blanche mengt - digitalen Herpes…
D’Oktav ass eriwwer, d’Sprangprëssessioun steet virun der Dier. Zu dëse Forme vu Volleksfrëmmegkeet no Corona, eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
R
RTL - Carte Blanche


An enger Welt, déi vum Mënsch zerstéiert gëtt, maache mer eis Suergen a sichen no Schëllegen tëscht de Generatiounen. Dobäi bréichte mer e Bewosstsinn, dass mir all eng eenzeg Generatioun sinn, déi gemeinsam Verantwortungen huet, denkt de Serge Tonnar a senger Carte Blanche.
De Ian De Toffoli wonnert sech, firwat op de kulturellen Eventer keng Leit méi sinn.
R
RTL - Carte Blanche


Beim European Microfinance Award, e Präis, deen d'Lëtzebuerger Regierung all Joer vergëtt, geet et dëst Joer ëm d'finanziell Inclusioun am Déngscht vun der Fra.
R
RTL - Carte Blanche


1
Carlo Thelen, Directeur général Chambre de Commerce: Ee Plädoyer fir den Aussenhandel, 25/05/2022 12:50
Spéitstens zanter dem russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain hunn d’Betriber d’Hoffnung op eng méi normal Wirtschaftsaktivitéit missen iwwer Bord geheien.
D'Fro, wéi mer mat den Energiepräisser ëmginn an eiser Gesellschaft, ass eng komplex Fro, wou et net nëmmen iwwert Inflatioun geet, mee och ëm sozial Gerechtegkeet a Klimaschutz. Dozou en Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Cefis.
Sidd Dier schonns eng Kéier als Ierbessenzieler vernannt ginn? Maacht Iech näischt draus! Et ass e Kompliment. De Patrick Michaely seet Iech a senger Carte Blanche firwat.
De Marc Limpach mat enger Carte Blanche iwwert d’Aktualitéit vum Auteur George Orwell.
Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwer Verkéiersberouegung um Beispill vum gréisste Quartier aus der Stad.
R
RTL - Carte Blanche


Vill vun ons erënnere sech, dass d'Aarbechtszäit fir déi, déi net op Schichte geschafft hunn, am Takt gereegelt war. Vun 8 bis 12 Auer moies a vu 14 bis 18 Auer nomëttes. An der Mëttesstonn waren d'Geschäfter, d'Schoulen an d'Büroen zou. Lues a lues awer huet sech dat mam Wandel vun onser Gesellschaft geännert.…
Fir all déi, déi sech haut eng Carte blanche erwaarden iwwert den Index, ech muss iech enttäuschen. Mä et geet ëm en anert vill diskutéiert Thema. Eent, wat mir ganz vill um Häerz läit. D'Gewerkschaft.
A senger «Carte blanche» mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist Gedanken iwwer den Europadag am Krich. D’EU bräicht en neien Narrativ, fir ze iwwerzeegen, esou de Marc Glesener.
Fir de Leerstand ze bekämpfen soll elo iergendwann eng Spekulatiounssteier agefouert ginn. Wäert dat duergoe fir dem Problem bäizekommen? Do huet de Gilles Hempel seng Zweiwel. A senger Carte blanche proposéiert hien eng Mesure aus dem Ausland, déi nach e bësse méi wäit geet.
Symbolpolitik huet keng direkt Auswierkungen an ass awer net egal, fënnt d'Elise Schmit. D'Schrëftstellerin mécht sech Gedanken iwwert d’Duerstellung vun der Lëtzebuerger Gesellschaft am ëffentleche Raum.
R
RTL - Carte Blanche


1
Bob Reuter: Mëssbrauchsskandal an der kathoulescher Kierch: Ee Skandal op e puer Niveauen, 02/05/2022 12:50
De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, fënnt, dass déi rezent Berichter aus diverse Länner, iwwer d‘Mëssbräich an der kathoulescher Kierch, ee Skandal op e puer Niveauen offe leeën.
3 Joer no « Stand Speak Rise Up » schwätzt d'Magali Paulus eis haut vun der Vergewaltegung als Krichswaff. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
De fréiere Wirtschaftsminister Robert Goebbels plädéiert fir e méi gerechte System vun Index-Upassungen. Hei seng Carte Blanche...
Den 12ten Mee ass den Gebuertsdag vum Florence Nightingale an internationalen Dag vun der Infirmière, engem Beruff deen ausgerechent am Krimkrich entstanen ass.
Wat si mir bereet, fir déi wierklech wichteg Ressourcen auszeginn, déi ons erlabe friddlech a gutt zesummenzeliewen? Vum Pierre HURT, directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. (oai.lu)
Am Liewen ass villes vun zwou Säiten ze gesinn. De Guy Majerus probéiert, unhand vun e puer Beispiller ze weisen, datt grad och an der Landwirtschaft vill Decisioune Konsequenzen hunn, déi sou net viraus ze gesi waren. Eng Carte Blanche, déi beweise soll, datt net alles wäiss oder schwaarz ass.
Iwwermuer ass Ouschteren. Wat bedeit dat Fest? A wat si seng Bräich? Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
R
RTL - Carte Blanche


An der Woch virun der Vakanz hat d'Chamber eng Orientéierungsdebatt iwwer déi nei ëffentlech international Schoulen an hir alternativ Sproochcurriculaen. Dobäi ass vergiess ginn, datt Bildungspolitik och Sproochepolitik ass, mengt de Soziolog Fernand Fehlen.
R
RTL - Carte Blanche


Virun eppes méi wéi zwee Joer koum de Coronavirus zu Lëtzebuerg hunn. Et war den Ufank vun enger Kris, déi kee gesinn huet kommen. E Stresstest fir d’Gesellschaft, d’Politik, d’Wirtschaft an natierlech fir d’Wëssenschaft.
R
RTL - Carte Blanche


Wie vun eis all hätt virun dräi Joer geduecht, datt eis Welt sech esou séier an esou grondsätzlech géif änneren. Fir d'Éischt e klinzegklenge Virus, dee kee gesäit, deen awer d’ganz Welt dirigéiert, vill Leed bruecht huet an eist dagdeeglecht Liewen zënterhier bestëmmt. An elo zënter bal zwee Méint e barbaresche Krich matzen an Europa, wou Russland…
Säit de Krich ausgebrach ass, stréime Flüchtlingen aus der Ukrain op Lëtzebuerg. D'Solidaritéit ass grouss, mee leider gëtt et och problematesch Nieweneffekter. E puer kritesch Gedanken an en décke Luef.
Dir héiert elo eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten.
"De Versuch, den Himmel op Äerden ze installéieren, huet ëmmer nëmmen d'Häll produzéiert", sou de Karl Popper an "Die offene Gesellschaft und ihre Feinde" aus dem Joer 1945. An sou e Versuch - ausgeléist um Hannergrond vun der Hybris vun enger Persoun - leeft zanter dem 24. Februar an der Ukrain – dozou Iwwerleeunge vun eisem Hausphilosoph, dem Jea…
R
RTL - Carte Blanche


Zanter e bëssen méi wéi 4 Wochen hu mir an Europa nees e Krich an zwar en Ugrëffskrich vu Russland an der Ukrain. Der EU, der UNO, der NATO stinn duerch dës Situatioun grouss Erausfuerderungen an d'Haus. Besonnesch d'Europäesch Union gëtt gepréift a gefuerdert. De Marc Hoster mat e puer Iwwerleeungen zum Krich an der Ukrain an den internationale Ko…
Wéi sou dacks an der Geschicht, féiert de Krich dozou, dass grouss Deeler vun der Bevëlkerung verdriwwen ginn. Onmoosse vu Leit ginn zu Flüchtlingen. Gëschter aus Syrien, Afghanistan oder aus villen aneren Länner. Haut aus der Ukrain. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Cefis.
Déi grouss Solidaritéit mat den ukraineschen Flüchtlingen, leider nëmmen mat den ukraineschen, huet ewell schonn hir Kritiker fonnt, erzielt den Paul Hammelmann a senger Carte blanche. (Fir mäi wäertvolle Frënd Jacques Poos †)
R
RTL - Carte Blanche


1
Francis Schartz, pensionéierte Biologieprofesser: Wéi kënne mir eisen aktuelle Pessimismus iwwerwannen?, 21/03/2022 12:50
Eis Psyche gëtt de Moment nawell staark gefuerdert. Rausgoen an d'Natur an de benevollen Engagement si gutt Mëttelen. fir d'Flemm, d'Frustratiounen an de Pessimismus ze iwwerwannen.
De Krich an der Ukrain an déi steigend Energiepräisser hunn de Sujet vun der Energietransitioun nees méi an de Fokus vun der Ëffentlechkeet geréckelt. Wéi eng Lektiounen kann een aus de rezenten Erfarungen zéien? Dozou d’Carte Blanche vum René Winkin.
R
RTL - Carte Blanche


Een den dem aneren hëlleft, dat mécht de Mënsch als soziaalt Wiesen aus. Grad a Krisesituatioune gëtt d’Hëllefsbereetschaft an der Gesellschaft Hoffnung. Eng Carte blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
Et ass erëm Krich an Europa. Krich huet ëmmer och Folge fir d’kulturell Institutioune vun engem Land, sou och fir seng Muséeën. Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.
An dësen ongewëssen Zäiten, musse mer konkret Schrëtt an Aktiounen ënnerhuele fir eis fir sozial Gerechtegkeet anzesetzen. Heiansdo kann en-t dat scho mat dem Ënnerschreiwe vun enger Petitioun maachen, seet d’Magali Paulus. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei "etika" an dem "Collectif Tax Justice Lëtzebuerg".…
D'Wëssenschaft huet an der Vergaangenheet schonn oft als Bréck tëscht Länner gedéngt, déi eigentlech net méi matenaner schwätzen. Wat fir eng Roll Fuerscherinnen a Fuerscher am aktuelle Krich an der Ukrain, an och duerno kenne spillen, erkläert de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, a senger Carte Blanche.…
Am Kader vun der Inklusiver Finanz muss och d'Spueren an den Entwécklungslänner gefërdert ginn. Dat war d'Zil vum "European Microfinance Award" vun 2020. Mä och bei eis muss ee kucken, fir effektiv an inklusiv Spuersystemer ze entwéckelen, déi alle Famillen zougänglech sinn. Dat ass besonnesch ubruecht, wou d'Spuere mam Kaf vum Eegenheem fir ëmmer …
D'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, schwätzt vun der dramatescher Situatioun vu kriibskranke Kanner aus der Ukrain.
R
RTL - Carte Blanche


De Virus huet déi zwee lescht Joer eisen Alldag dominéiert an d’Bezéiung tëscht dem Vollek an der Politik nei definéiert. Vläicht ass et elo un der Zäit de Punkt ze maachen, an dem Vollek d'Verantwortung zeréckzeginn, iwwerleet de Serge Tonnar a senger Carte Blanche.
D’Olympesch Wanterspiller vu Peking hu leider eng ganz Rei Froen opgeworf. Froen, déi eigentlech hätte missen am Virfeld gekläert ginn, wéi et drëm goung, wou déi Spiller da solle stattfannen.
R
RTL - Carte Blanche


1
Carlo Thelen, Directeur général Chambre de Commerce: Kreeslafwirtschaft – eng nohalteg Léisung fir Lëtzebuerg, 25/02/2022 12:50
Zanter Jore gëtt iwwert den ideale Wirtschafts-Modell vu Lëtzebuerg an iwwert de Wuesstem diskutéiert.