Geisteswissenschaften public
[search 0]
More

Download the App!

show episodes
 
D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d'Sprooch, d'Geschicht vum Fussball, d'Verännerungen, déi d'Télé an eisen Alldag bruecht huet, d'gesellschaftlech Roll vun der chinesescher Oper, den Afloss vum Hitchcock op de moderne Krimi oder de Stellewäert vun der portugisescher Immigratioun an eise Geschichtsbic ...
 
Loading …
show series
 
Zanter der Annexioun vu verschiddenen ostbelsche Kreesser, ënner anerem Eupen a Malmedy am Joer 1920, spille sech op dësem Terrain net just sproochlech, politesch a kulturell Deitungskämpf of, mee och ganz essentiell Parametere vun Nationalidentitéit ginn hei ëmmer erëm nei definéiert. Esou kann dës Regioun an der Zäit vun 1920 bis haut och als Spi…
 
Den 28. September 2019 gouf zu Lëtzebuerg de Centenaire vun der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht gefeiert. Méi wéi Grond genuch fir d'Chamber sech mam Musée national d'histoire et d'art zesummen ze di fir eng Ausstellung iwwer d'Thema op d'Been ze setzen. Déi Haaptresponsabel Renée Wagner a Régis Moes hunn de Wee an de Studio fonnt fir iwwer dëse…
 
De Mediewëssenschaftler Tim van der Heijden huet am Kader vum Projet "Changing platforms of ritualized memory practices. The cultural dynamics of home movies" d'Geschicht vum Amateurfilm recherchéiert. Dëse Projet kuckt sech de sougenannten Home Movie vum Ufank vun der Kamera 1895 bis d'Opkomme vun der digitaler Medieplattform YouTube 2005 un. Dobä…
 
D'Sproochwëssenschaftlerin Judith Manzoni beschäftegt sech an hirer Aarbecht als éischte Linguistin mam Intonatiounssystem - dat heescht verschidde Muster vu Betounung - an a vun der Lëtzebuerger Sprooch. Net nëmme bestëmmt si verschidden universell Musteren an der Sprooch mee definéiert och hir Funktioun am Discours an analyséiert ob a wéini Lëtze…
 
D'Literaturwëssenschaftlerin Fabienne Gilbertz analyséiert an hirer 2018 ofgeschlossener Thees verschidden Aspekter vum Professionaliséierungsprozess an a vun der Lëtzebuerger Literatur. Si fokusséiert literaresch Produktiounen, d'Grënne vun diversen institutionelle Medien a Formen an awer och eng méi vag Notioun vun engem Wouerhuele vu sech selwer…
 
Den Ethnograph Bernardino Tavares huet 2018 seng Fuerschungsaarbecht iwwer kapverdianesch Migratioun ofgeschloss. Hie kuckt sech net nëmme Lëtzebuerg als Land vun Immigratioun mee och d'Kapverden als Land vun Emigratioun an d'Trajectoiren dertëscht un. Wat als éischt emol verwonnert, ass d'Visibilitéit vu Lëtzebuerg an der ëffentlecher Landschaft v…
 
Am Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften ass den Historiker Tobias Vetterle op Besuch. Hien huet sech mam Discours ëm d'politesch Participatioun zu Lëtzebuerg vun 1960 bis 1990 auserneegesat. Fir hien ass dëst e Raum dee sech opdeet an deem sech de Prinzip vun Demokratie ëmmer erëm selwer muss fannen oder erfannen. D'Danièle Wec…
 
D'Fotografin Laurianne Bixhain interesséiert sech fir aktuell Entwécklungen am urbane Raum. Wéi gesäit de Rapport tëscht Mënsch a bebauter Ëmwelt, an der Technik, a méi spezifesch: dem Zerfall vun den Industrien aus? Dëser Fro ass si während enger Kënschtlerresidenz zu Montreal nogaangen. Hiren Hôte - de Konschtzentrum Fonderie Darling- ass an enge…
 
D'Memoire vun der Resistenz - dat ass net nëmmen heizuland en Thema. D'Elisabeth Hoffmann huet d'Forme vun Erënnerungskultur tëscht Lëtzebuerg, Elsass, an der Moselle an an der Ost-Belsch matenaner verglach. Dobäi huet si och gekuckt, wéi sech déi Erënnerungskultur zanter dem Zweete Weltkrich entwéckelt huet. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der …
 
Am Spuenesche Biergerkrich vun 1936-1939 hunn déi Kräften, déi d'Republik géint eng nationalistesch Iwwernahm wollte verteidegen, och international u Fräiwëlleger appelléiert, fir si ze ënnerstëtzen. Ënner dësen internationale Spueniekämpfer waren och vill jiddesch Männer. Nom Zweete Weltkrich krut dësen Engagement eng nei Bedeitung an der Diskussi…
 
Beim Kongress vu Wien 1815 hunn déi grouss europäesch Staaten och beschloss, de Sklavenhandel ofzeschafen. Mee och wann dat internationaalt Recht an déi Richtung ugepasst gouf, si Sklaverei an Zwangsaarbecht bis zum Zweete Weltkrich net verschwonnen. De Rechtswëssenschaftler Michel Erpelding huet déi Evolutioun a senger Doktoratsthees analyséiert, …
 
Am 14. Joerhonnert war d'Haus vu Lëtzebuerg mat Béimen verbonnen, duerch de Fait, datt de Jang de Blannen do Kinnek gouf. D'"Chronik vum Dalimil", déi an alem Tschechesch verfaasst ass, weist, iwwer de Wee vun enger historescher, mythologescher a literarescher Duerstellung vum Land, wéi de béimeschen Adel seng Positioun géintiwwer dem Kinnek verdee…
 
Déi, déi d'Konzentratiounslager vum Zweete Weltkrich iwwerlieft hunn, sinn duerno dacks psychesch net mat där schrecklecher Erfarung eens ginn. Et war awer grad an Däitschland e beschwéierleche Wee, bis datt net nëmme physescht, mee och psychescht Leiden opgrond vu Verfolgung unerkannt gouf. Déi jonk Historikerin Sophie Thoma ass der Entwécklung vu…
 
Viru wéi no der Révolution des Oeillets vun 1974 huet de portugisesche Staat versicht, déi portugisesch Communautéiten am Ausland a seng Politik ze integréieren a si esou un d'Mammeland ze bannen. Och déi Lëtzebuerger Emigratiounsveräiner waren zanter de Siwwenzegerjoren an déi Bestriewungen op sproochlechem, kulturellem awer och wirtschaftlechem P…
 
D'Françoise Poos huet sech ënner anerem als Curatrice vill mat Foto a Film ausernanergesat. Och an hirer Dissertatioun steet d'Bild am Zentrum: Unhand vun der Geschicht vum Centre national de l'audiovisuel, senger Kollektioun vun Amateurbiller an der Ausstellung "Hidden Images" ënnersträicht si, datt Biller net nëmmen eng esthetesch Valeur hunn, me…
 
Wéi stellt een eng Buerg, déi eng Rei vu Joerhonnerten um Bockel huet, engem moderne Public vir? A wéi wäit ass d'Buerg vu Veianen exemplaresch fir geschichtlech Entwécklungen an Europa an där laanger Zäit? Doriwwer geet et am Gespréich mam Historiker Pit Péporté, deen un där neier Ausstellung vun der Buerg matgeschafft huet. D'Renée Wagener féiert…
 
Amplaz am Sproochecours duerch Theater Sprooche léieren, dat wor d'Konzept vun engem pedagogesche Projet, mat deem sech den Dany Weyer befaasst. D'Renée Wagener schwätzt mat him iwwer seng Beobachtung, datt d'Léieren sou net nëmme vill méi Spaass mécht, mee datt d'Kanner dobäi nach perséinlech gestäerkt ginn an Diversitéit am Grupp positiv erliewen…
 
Den Architekt an Urbanist Hubert Ritter war nëmmen e puer Joer zu Lëtzebuerg, mä dofir an enger markanter Zäit: Hien huet am Zweete Weltkrich ënnert der nationalsozialistescher Besatzung e "Generalbebauungsplan" fir Lëtzebuerg ausgeschafft. Den Historiker Stefan Heinz huet sech mat dëser Aarbecht an hiren Nowierkungen ausenanergesat. D'Renée Wagene…
 
Dem Michel Welter seng perséinlech Andréck vum Éischte Weltkrich, déi hie vun 1914 bis 1916 notéiert huet, sinn net nëmmen e raart Dokument iwwer de chronologeschen Oflaf vum Krich. Si liwweren och Ablécker an déi politesch Entwécklungen zu Lëtzebuerg an an déi sozial Kris während dem Krich. D'Literaturwëssenschaftlerin a laangjäreg Direktesch vum …
 
D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Kulturpolitik ass déi vun enger laangwiereger Emanzipatioun: Et huet vill Joerzéngte gebraucht, bis zu engem selbstännege Kulturministère an zu enger proaktiver Kulturpolitik. Wéi sech an dëser Entwécklung d'Konzeptioune vu Kultur verännert hunn, domat huet sech de Fabio Spirinelli auserneegesat. D'Renée Wagener ënn…
 
D'Famill steet am Mëttelpunkt vun den Amateurfilfmer. Déi eege Kanner, Familiememberen, Hochzäiten a Kommunioune maachen dës Form vu private Filmkreatiounen aus. D'Mediewëssenschaftlerin Danièle Wecker huet sech op der Basis vun enger Collectioun vum CNA iwwer 500 där Filmer ugekuckt an se analysiéiert.…
 
Am Ufank hunn d'Leit nach fonnt, Industriekamäiner hätten näischt op de Fotoe mat idyllesche Lëtzebuerger Landschafte verluer. Mä lues a lues ass d'Schmelz zu engem Symbol fir d'Lëtzbuerger Reussite ginn. De Frederik Herman an d'Ira Plein vun der Uni Lëtzebuerg, déi sech mam Konzept vum "Cultural Learning" beschäftegen, hunn déi didaktesch Roll vun…
 
Loading …

Quick Reference Guide

Copyright 2020 | Sitemap | Privacy Policy | Terms of Service
Google login Twitter login Classic login