Best Krimi podcasts we could find (Updated December 2018)
Related podcasts: Social Sciences Science Education  
Krimi public [search 0]
×
Join millions of Player FM users today to get Krimi news and insights whenever you like, even when you're offline. Podcast smarter with the podcast app that refuses to compromise … it's free and easy.
Podcast smarter! Player FM is free and easy.
show episodes
 
H
Humanities Talk
Monthly
 
D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d'Sprooch, d'Geschicht vum Fussball, d'Verännerungen, déi d'Télé an eisen Alldag bruecht huet, d'gesellschaftlech Roll vun der chinesescher Oper, den Afloss vum Hitchcock op de moderne Krimi oder de Stellewäert vun der portugisescher Immigratioun an eise Geschichtsbic ...
 
Loading …
show series
 
Am Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften ass den Historiker Tobias Vetterle op Besuch. Hien huet sech mam Discours ëm d'politesch Participatioun zu Lëtzebuerg vun 1960 bis 1990 auserneegesat. Fir hien ass dëst e Raum dee sech opdeet an deem sech de Prinzip vun Demokratie ëmmer erëm selwer muss fannen oder erfannen. D'Danièle ...…
 
D'Foto "Selbstportrait mit Pasha Rafiy", déi en dekontraktéierte Pasha Rafiy um Canapé nieft engem ugespaante Jean-Claude Juncker weist, huet den iranesch-lëtzebuergesche Fotograf 2007 bekannt gemaach. Mam Documentaire "Foreign Affairs" vun 2015, deen den Ausseminister Jean Asselborn op Schratt an Tratt begleet, huet de Pasha Rafiy och an der F ...…
 
D'Fotografin Laurianne Bixhain interesséiert sech fir aktuell Entwécklungen am urbane Raum. Wéi gesäit de Rapport tëscht Mënsch a bebauter Ëmwelt, an der Technik, a méi spezifesch: dem Zerfall vun den Industrien aus? Dëser Fro ass si während enger Kënschtlerresidenz zu Montreal nogaangen. Hiren Hôte - de Konschtzentrum Fonderie Darling- ass an ...…
 
D'Memoire vun der Resistenz - dat ass net nëmmen heizuland en Thema. D'Elisabeth Hoffmann huet d'Forme vun Erënnerungskultur tëscht Lëtzebuerg, Elsass, an der Moselle an an der Ost-Belsch matenaner verglach. Dobäi huet si och gekuckt, wéi sech déi Erënnerungskultur zanter dem Zweete Weltkrich entwéckelt huet. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat ...…
 
Am Spuenesche Biergerkrich vun 1936-1939 hunn déi Kräften, déi d'Republik géint eng nationalistesch Iwwernahm wollte verteidegen, och international u Fräiwëlleger appelléiert, fir si ze ënnerstëtzen. Ënner dësen internationale Spueniekämpfer waren och vill jiddesch Männer. Nom Zweete Weltkrich krut dësen Engagement eng nei Bedeitung an der Disk ...…
 
Beim Kongress vu Wien 1815 hunn déi grouss europäesch Staaten och beschloss, de Sklavenhandel ofzeschafen. Mee och wann dat internationaalt Recht an déi Richtung ugepasst gouf, si Sklaverei an Zwangsaarbecht bis zum Zweete Weltkrich net verschwonnen. De Rechtswëssenschaftler Michel Erpelding huet déi Evolutioun a senger Doktoratsthees analyséie ...…
 
Am 14. Joerhonnert war d'Haus vu Lëtzebuerg mat Béimen verbonnen, duerch de Fait, datt de Jang de Blannen do Kinnek gouf. D'"Chronik vum Dalimil", déi an alem Tschechesch verfaasst ass, weist, iwwer de Wee vun enger historescher, mythologescher a literarescher Duerstellung vum Land, wéi de béimeschen Adel seng Positioun géintiwwer dem Kinnek ve ...…
 
Déi, déi d'Konzentratiounslager vum Zweete Weltkrich iwwerlieft hunn, sinn duerno dacks psychesch net mat där schrecklecher Erfarung eens ginn. Et war awer grad an Däitschland e beschwéierleche Wee, bis datt net nëmme physescht, mee och psychescht Leiden opgrond vu Verfolgung unerkannt gouf. Déi jonk Historikerin Sophie Thoma ass der Entwécklun ...…
 
Viru wéi no der Révolution des Oeillets vun 1974 huet de portugisesche Staat versicht, déi portugisesch Communautéiten am Ausland a seng Politik ze integréieren a si esou un d'Mammeland ze bannen. Och déi Lëtzebuerger Emigratiounsveräiner waren zanter de Siwwenzegerjoren an déi Bestriewungen op sproochlechem, kulturellem awer och wirtschaftlech ...…
 
De Phänomen vun der Gentrifizéierung gëtt iwwerall an Europa diskutéiert. Dohannert stinn och Konflikter tëschent soziale Gruppen. Den Antoine Paccoud huet um Beispill vu London iwwer dëse Phenomen gefuerscht an d'Renée Wagener huet sech mat him ënnerhalen.By podcast@100komma7.lu (radio 100,7).
 
De Lëtzebuerger Ethnolog, dee vun 1892 bis 1931 gelieft huet a besonnesch a Mëttelamerika aktiv war, ass bei eis relativ wéineg bekannt. Den Historiker Claude Wey huet seng kuerz, awer spannend Biographie nogesicht. D'Renée Wagener am Gespréich mam Historiker.By podcast@100komma7.lu (radio 100,7).
 
De Jan Lotz fuerscht iwwer den Handel a Gallien an der réimescher Zäit. Dobäi versicht hien och, d'Bezéiungen an d'Netzwierker tëscht den Handelsfamillen ze rekonstruéieren. Besonnesch geet et dobäi ëm den Textilhandel.By podcast@100komma7.lu (radio 100,7).
 
Den Eugène Mousset war en Escher Moler, deen an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert aktiv war. Hien huet sech besonnesch op Lëtzebuerger Landschafte spezialiséiert. Bei Geleeënheet vum Buch, dat d'Laure Caregari an de Luciano Pagliarini zu him erausginn hunn, ënnerhält d'Renée Wagener sech mat hinnen.…
 
NEET - ni en éducation, ni en emploi, ni en formation - mat dësem Begrëff gi ganz ënnerschiddlech Motivatioune vu jonke Leit bezeechent, déi ausserhalb vun Educatiouns- an Aarbechtswelt liewen. D'Laetitia Hauret an de Romain Maas vum LISER hunn eng Etude zu deem Phänomen gemaacht. D'Renée Wagener schwätzt mat hinnen.…
 
D'Françoise Poos huet sech ënner anerem als Curatrice vill mat Foto a Film ausernanergesat. Och an hirer Dissertatioun steet d'Bild am Zentrum: Unhand vun der Geschicht vum Centre national de l'audiovisuel, senger Kollektioun vun Amateurbiller an der Ausstellung "Hidden Images" ënnersträicht si, datt Biller net nëmmen eng esthetesch Valeur hunn ...…
 
Wéi stellt een eng Buerg, déi eng Rei vu Joerhonnerten um Bockel huet, engem moderne Public vir? A wéi wäit ass d'Buerg vu Veianen exemplaresch fir geschichtlech Entwécklungen an Europa an där laanger Zäit? Doriwwer geet et am Gespréich mam Historiker Pit Péporté, deen un där neier Ausstellung vun der Buerg matgeschafft huet. D'Renée Wagener fé ...…
 
Amplaz am Sproochecours duerch Theater Sprooche léieren, dat wor d'Konzept vun engem pedagogesche Projet, mat deem sech den Dany Weyer befaasst. D'Renée Wagener schwätzt mat him iwwer seng Beobachtung, datt d'Léieren sou net nëmme vill méi Spaass mécht, mee datt d'Kanner dobäi nach perséinlech gestäerkt ginn an Diversitéit am Grupp positiv erli ...…
 
Den Architekt an Urbanist Hubert Ritter war nëmmen e puer Joer zu Lëtzebuerg, mä dofir an enger markanter Zäit: Hien huet am Zweete Weltkrich ënnert der nationalsozialistescher Besatzung e "Generalbebauungsplan" fir Lëtzebuerg ausgeschafft. Den Historiker Stefan Heinz huet sech mat dëser Aarbecht an hiren Nowierkungen ausenanergesat. D'Renée Wa ...…
 
Dem Michel Welter seng perséinlech Andréck vum Éischte Weltkrich, déi hie vun 1914 bis 1916 notéiert huet, sinn net nëmmen e raart Dokument iwwer de chronologeschen Oflaf vum Krich. Si liwweren och Ablécker an déi politesch Entwécklungen zu Lëtzebuerg an an déi sozial Kris während dem Krich. D'Literaturwëssenschaftlerin a laangjäreg Direktesch ...…
 
D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Kulturpolitik ass déi vun enger laangwiereger Emanzipatioun: Et huet vill Joerzéngte gebraucht, bis zu engem selbstännege Kulturministère an zu enger proaktiver Kulturpolitik. Wéi sech an dëser Entwécklung d'Konzeptioune vu Kultur verännert hunn, domat huet sech de Fabio Spirinelli auserneegesat. D'Renée Wagener ...…
 
Wéi huet sech déi Lëtzebuerger Aarbechtspolitik ënnert dem nationalsozialistesche Régime 1940-1944 geännert? Ware fir den Nazi-Regime an de Besatzunggebidder just wirtschaftlech Iwwerleeunge wichteg, oder sinn et och ideologesch Consideratioune ginn? Doriwwer schwätzt d'Renée Wagener mam Historiker Marc Schoentgen.…
 
Jonker hunn ënnert den Ziilgruppe vun de Muséeën dacks net d'Nues vir. Dat ass och eng Fro vun der Musées-Kultur, déi si vermëttelt kréien. D'Renée Wagener schwätzt mat der Laurence Brasseur, déi eng Etüde iwwer deene Jonken hir Attitüd zum Musée gemaacht huet.By podcast@100komma7.lu (radio 100,7).
 
D'Famill steet am Mëttelpunkt vun den Amateurfilfmer. Déi eege Kanner, Familiememberen, Hochzäiten a Kommunioune maachen dës Form vu private Filmkreatiounen aus. D'Mediewëssenschaftlerin Danièle Wecker huet sech op der Basis vun enger Collectioun vum CNA iwwer 500 där Filmer ugekuckt an se analysiéiert.…
 
Am Ufank hunn d'Leit nach fonnt, Industriekamäiner hätten näischt op de Fotoe mat idyllesche Lëtzebuerger Landschafte verluer. Mä lues a lues ass d'Schmelz zu engem Symbol fir d'Lëtzbuerger Reussite ginn. De Frederik Herman an d'Ira Plein vun der Uni Lëtzebuerg, déi sech mam Konzept vum "Cultural Learning" beschäftegen, hunn déi didaktesch Roll ...…
 
D'Politikwëssenschaftlerin Heike Mauer huet sech mat der Ausernanersetzung zur Prostitutioun um Ufank vum 20. Joerhonnert befaasst. Dobäi huet si ënnersicht, firwat grad auslännesch Fraen an de staatleche Collimateur gerode sinn an dacks aus dem Land ausgewise goufen. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der Wëssenschaftlerin.…
 
D'Zwangsrekrutierung am Zweete Weltkrich an den Erënnerungskulturen vu Lëtzebuerg, der Ostbelsch an dem Elsass vun 1944 bis 2015, dat wor der Historikerin Eva Klos hiert Doktorats-Thema. Dobäi goung et net nëmmen ëm de Verglach vun der Aart a Weis, wéi sech an deenen dräi Gebidder Veräiner gebild hunn, déi fir eng Unerkennung vun den Zwangsrekr ...…
 
Et ass net dat éischt kommemoratiivt Wierk zur Entstehung an Entwécklung vun de sougenannte fräie Gewerkschaften, aus deene spéiderhin den "Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg" ervirgaangen ass. Mee an deem décke Band, dee viru kuerzem erauskoum, sinn d'Resultater vun neie Recherchen ze fannen, wéi zum Beispill zur Haltung vun de Gewerksch ...…
 
Den Tëtelbierg wor virun zwee Joerdausenden net einfach eng vu verschiddene groussen trevireschen Usiidlungen, mee e politeschen Zentrum vum trevireschen Territoire - dat weisen d'Resultater von den archeologeschen Aarbechten aus de leschte Joerzéngten. D'Renée Wagener schwätzt mat der Catherine Gaeng an dem Jeannot Metzler iwwert d'Resultater ...…
 
Obwuel et an der Bibel keng Virschrëften dozou gëtt, war d'Anäscherung als Alternativ zur klassescher Bäisetzung zënter dem 19. Joerhonnert e Politikum: Während déi kathoulesch Kierch vehement dogéint agetratt ass, hu sech virun allem Fräidenker fir d'Anäscherung agesat. D'Renée Wagener schwätzt mam Historiker Thomas Kolnberger iwwert de laange ...…
 
"Lëtzebuerger Architektur-Musée" - sou nennt sech eng Initiativ, déi sech fir d'Dokumentéiere vun der Aarbecht am Beräich vun Architektur, Urbanismus an Ingénierie asetzt. Gesammelt gi Pläng, Maquetten an aner Quellen, déi d'Wierk vun de Leit vum Fach kënnen erklären an duerstellen. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der Anne Stauder, dem Alain ...…
 
Am 16. Joerhonnert war d'Trennung vu Kierch a Staat nach keen Thema. De Robert vu Monreal, Abt vun Iechternach, war net nëmmen e wichtege reliéisen, mee och en aflossräiche politeschen Acteur. D'Historiker Pol Schiltz an Al Estgen hunn en neit Urkunden- a Quellebuch zu där Epoch vun der Abtei zesummegestallt. De Pol Schiltz ass am Gespréich mam ...…
 
D'Chercheuse Clémentine Boulanger vun der Uni Lëtzebuerg stellt e Paradigmewiessel am Droit pénal fest: An Europa géif ëmmer méi probéiert ginn, d'Aktivitéite vu geféierleche gesellschaftleche Gruppen ze iwwerwaachen a schonn am Viraus potenziell Verbriechen ze verhënneren. Am Humanities Talk schwätzt d'Renée Wagener mat hir iwwert d'Risike fir ...…
 
Den Zionismus war an den Drëssegerjore vum leschte Joerhonnert net nëmmen eng sozialistesch oder reliéis gepräägten Utopie, déi sollt a Palestina verwierklecht ginn. Et sinn esou och Reseauen entstanen, déi gehollef hunn, jonk jiddesch Leit aus Nazi-Däitschland erauszekréien. De Journalist Frédéric Braun huet iwwert déi zionistesch Präsenz zu L ...…
 
Lorsque les premiers systèmes de location de vélos ont fait leur apparaition au Luxembourg, les voix sceptiques se sont tues bien vite devant le succès apparent du "bicycle sharing". Répondant aux questions de Renée Wagener, le jeune chercheur Cyrille Médard de Chardon souligne les défauts structurels des systèmes.…
 
Viru 75 Joer ass deen éischten Deportatiounszuch vu Lëtzebuerg fortgaangen. Ënnert den Deportéierte war och dem Marc Cukier seng Famill. Haut sicht hien no hire Spueren. D'Renée Wagener schwätzt mat him iwwer seng Recherche.By podcast@100komma7.lu (radio 100,7).
 
Zwangsaarbecht gouf et am Krich net nëmmen an Däitschland. Och zu Lëtzebuerg koume Leit aus Osteuropa an den Asaz. D'"Ostarbeiter" oder besser "Ostarbeiterinnen" - et ware meeschtens Fraen - goufe forcéiert an der Lëtzebuerger Stolindustrie ze schaffen. De Ricardo Baptista Barra huet dës wéineg bekannten Episod opgeschafft. D'Renée Wagener huet ...…
 
Google login Twitter login Classic login