Kriminalfälle public
[search 0]
More
Download the App!
show episodes
 
Lyssna på Aftonbladets kriminaldokumentärer "Historien om ett brott". Där får du höra historien bakom några av Sveriges mest uppmärksammade, mest säregna och - i några fall - mest bortglömda kriminalfall.
  continue reading
 
Loading …
show series
 
Am Januar 2002 brécht fir eng 500 Bréifdréier eng Welt zesummen. De Jos Nickts huet mat hire Sue spekuléiert a sech selwer fir privat Zwecker zerwéiert. De Mann, ëm deen et geet, heescht Jos Nickts. Hie war vun 1986 bis ugangs 2002 President vun der Bréifdréiesch-Gewerkschaft an huet an deem Zäitraum och e Fong geréiert, an deem d’Bréifdréier abezu…
  continue reading
 
En ausgebrannten Auto an enger verloossener Strooss am franséische Grenzgebitt, den Ausgangspunkt vun enger ongewéinlecher Kriminalgeschicht am Summer 2006. An der Mall vum Auto läit eng verkuelte Läich, an eng Kugel aus enger Pistoul. D’Gefier huet Lëtzebuerger Placken an de Proprietaire vum Auto ass e Mann vu Miersch. Déi verkuelte Läich am Auto …
  continue reading
 
Dräi kolumbianesch Statsbierger musse sech am Oktober 1991 wéinst Wäisswäsche vun Drogesue viru Geriicht veräntweren. Am Hierscht 1989 melle sech 7 Banke bei der Lëtzebuerger Sûreté, well hinne Konte vun kolumbianesche Cliente suspekt erschéngt hunn. Am Fréijoer 1990 mécht eng Bank zu Monaco Faillite. Der franséischer an der amerikanescher Douane w…
  continue reading
 
Prisonnéier erzielen iwwert hire kriminellen Akt, hiren Alldag hannert Maueren a pickegem Drot an hir Visioun vum Liewen nom Prisong. Am DNA “Spezial Prisong” erklären och dräi fréier Prisonnéier, ewéi schwiereg de Wee zeréck an d’Gesellschaft ass. D’Sich no enger Wunneng an d’Sich no enger Aarbecht bestëmmen hiren Alldag.…
  continue reading
 
Den 20. November 2010 bréngen véier Persounen e 65 Joer ale pensionéierten Aarbechter zu Haler ëm. E plausibelt Motiv kënnen déi 4 net uginn. Et geet an dëser Affär ëm komplizéiert Familljeverhältnisser mat regelméissege Spannungen. Besonnesch tragesch ass d’Tatsaach, dass e klenge Bouf vun dräi Joer, deen am Stot gelieft huet, Zeie vun der Gewaltw…
  continue reading
 
De 26. Juli 1999 schreift en Dokter an der Eecher Klinik "mort de cause inconnue et suspecte" op den Doudeschäin vun enger 47 Joer aler Patientin ... D’Fra heescht Beatriz Vidaror. Eng Police-Enquête gëtt déclenchéiert. Zwou Wochen nom Doud vun der Fra läit d’Resultat vun enger toxikologescher Expertise vir. Et ass eng déidlech Dosis vum Gëft Zyank…
  continue reading
 
3 Morden, 4 Aggressiounen op Fraen - dat ass dat diabolescht Wierk vun engem Mann: dem Louis. Tëscht 1983 an 1989 ass de Louis säi kriminelle Wee gaangen, ouni gebremst ze ginn. D'Police war dem Louis 1985 zwar op der Spuer, mä hien ass lafe gelooss ginn. Eréischt 1990 ass de Mann festgeholl an no 18 Méint Untersuchungshaft zu enger liewenslänglech…
  continue reading
 
Ze grouss, ze giereg, ze kriminell? Islännesch Banken an hir Lëtzebuerger Filialen am Viséier vun der Justiz. Am Hierscht 2008 sinn dräi Islännesch Banken auserneegebrach. D’Nowéie vun dësem Crash kréie mer bis haut zu Lëtzebuerg ze spieren. Schlëmmer nach: et gëtt eng Kriminalgeschicht.By RTL Télé Lëtzebuerg
  continue reading
 
22 Iwwerfäll, 6 Mordaffer, 4 Haapttäter tëscht 1983 an 1885 ... déi Waldbëlleger Band ass als déi kriminellsten an d'Lëtzebuerger Geschicht agaangen. Am 1. Deel vum DNA versiche mer ze verstoen, wéi et méiglech war, dass sech zu Lëtzebuerg eng kriminell Band konnt forméieren, déi am Laf vun der Zäit keng Grenze méi kannt huet.…
  continue reading
 
Wat genee ass den 30. Oktober 1985 beim brutalen Iwwerfall op den Haaptsëtz vun der BIL um Boulevard Royal an der Stad passéiert? Am 2. Deel vum DNA kucke mer, wat genau den 30. Oktober 1985 beim brutalen Iwwerfall op den Haaptsëtz vun der BIL um Boulevard Royal an der Stad passéiert ass. Et ass war de bluddegen Héichpunkt vun der krimineller Carri…
  continue reading
 
D'Ekipp vum DNA huet iwwert 250 Reportagen duerchgekuckt, déi bannent 28 Joer iwwert d'Bommeleeër op RTL gewise goufen an huet dorauser eng Synthes gemaach. 20 Bommenattentater bannent 20 Méint. Tëscht Mee 1984 an Mäerz 1986. Dat ass Wierk vun de Bommeleeër. Uschléi goufen ni revendiquéiert. Et si wéineg Spueren iwwregbliwwen.…
  continue reading
 
Zwee ongeléisten an ee geléistene Fall an dëser Emissioun. Am Mäerz 1984 kritt e klenge Bouf an engem Appartement um Houwald nom Iessen Hieftabletten géint den Duerchfall. Kuerz drop mécht de Béifche Krämp. D'Eltere ruffen den 112 an d'Kand gëtt an Kannerklinik ageliwwert. Zwee Deeg drop ass de Philippe - 22 Méint jonk- dout. D'Doudesursaach ass St…
  continue reading
 
Den 12. November 1992 gëtt an enger Wunneng op engem Universitéitscampus zu Bréissel d'Läich vun enger Studentin fonnt. Et ass d'Christiane Heiser. Eng 21 Joer jonk Lëtzebuerger Fra vu Féiz. D'Christiane Heiser ass brutal ëmbruecht ginn. Hir Eltere waarden nach haut op Äntwerten, firwat hiert Meedchen huet misse stierwen. Hire Bréisseler Affekot as…
  continue reading
 
Mordfall Nancy Wolff. Déi jonk Fra war 7 Méint no hirem Verschwannen am Stauséi fonnt ginn. Een Haaptverdächtegen huet d'Police selwer op Spuer bruet, wou d'Läich sech géif befannen. De Mordfall hat bis iwwert d'Grenzen eraus fir Wierbel gesuergt a war esouguer an der däitscher Emissioun „Aktenzeichen XY ungelöst“ thematiséiert ginn.…
  continue reading
 
Op Allerhellegen 2010 hunn zwee Bridder d'Läich vum Camille Kolber a sengem Haus zu Haassel fonnt. De 69 Joer ale Mann war brutal erschloe ginn. 3 Persoune sëtzen an Untersuchungshaft. Dorënner ass och dem Camille Kolber säin Adoptivjong. Déi 3 kréien dat anert Joer de Prozess gemaach. Eng 4. Persoun, déi och am Viséier vun der Justiz war, huet sec…
  continue reading
 
Ewéi de Jos Emmerich Enn November 2010 mat sengem Hond säin Tour duerch de Bësch zu Haler gemaach huet, huet hien eng fierchterlech Decouverte gemaach. Am Bësch loung d'Läich vun engem Awunner vun Haler. De Mann war d'Affer vun engem Verbrieche ginn. Op Uerder vun de Justizautoritéite si véier Persounen am Zesummenhang mat dësem Mord festgeholl gin…
  continue reading
 
Loading …

Quick Reference Guide