Best Literatur podcasts we could find (Updated December 2018)
Related podcasts: News Arts Books Music  
Literatur public [search 0]
×
Join millions of Player FM users today to get Literatur news and insights whenever you like, even when you're offline. Podcast smarter with the podcast app that refuses to compromise … it's free and easy.
Podcast smarter! Player FM is free and easy.
show episodes
 
All Mount steet eng Schrëftstellerin oder ee Schrëftsteller am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a ville Facette vum Wierk.
 
R
Riicht eraus
Monthly+
 
Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.
 
Das Medienarchiv
 
Loading …
show series
 
Déi nei CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen ass Invitée: mat der Partei-Vizepresidentin a fréierer Ministerin kucke mir no vir op déi geplangten Erneierung vun der CSV, op de Koalitiounsaccord vun der neier Regierung vun DP, LSAP an déi gréng an op d'CSV-Oppositiounsaarbecht fir d'Legislaturperiod 2018 bis 2023. Moderatioun: Serge Kesseler.…
 
Stars und die Liebe unter dem Hakenkreuz. Als 1935 die Nürnberger Rassengesetze in Kraft traten, wurde das Leben für interkonfessionelle Paare noch schwieriger und gefährlicher. Evelyn Steinthaler hat sich dem Thema über die Beziehung vier prominenter Paare genähert und illustriert so wie unterschiedlich der Umgang mit dem öffentlichen Druck wa ...…
 
D'Betribsbesteierung läit aktuell bei 26 Prozent. D'Patronat fuerdert en Eenheetstaux vun 21 Prozent fir d'Kompetitivitéit vun de Betriber ze stäerken. Am Kampf géint de Steierdumping mécht d'EU Drock, ënner anerem op de Grand-Duché, fir nei Reegele bei der Besteierung vu Konzerner anzeféieren. Drock kënnt och vun den Nopeschlänner, déi, wéinst ...…
 
Fernseh, Smartphone, Computer, Spillkonsolen - d'Buch huet an de leschte Joren eng staark Konkurrenz kritt. Liese Kanner nach Bicher a wat liesen si? Wéi eng Roll spillt d'Liesen an der Entwécklung vun de Kanner? Wat maachen a kënnen déi Erwuesse maachen, fir d'Loscht op d'Buch bei Kanner ze fërderen? Wéi huet sech d'Kannerliteratur an de lesch ...…
 
An Zäiten wou de Generatiounewiessel vill diskutéiert gëtt, stellt sech d'Fro: wat ass vun der jonker Gard vu blo-rout-gréng ze erwaarden? Si kréien allen dräi Chancen op ee Ministerposten an der neier Regierung nogesot. Politesch Ufänger si si net - si setzen oder souzen a Schäffen- a Gemengeréit, der Chamber, dem Staatsrot. Rieds ass vun der ...…
 
Krop Dir een Zäitzeien No 25 Joer hält déi satiresch Wochenzeitung Feierkrop op. Hire Matgrënner Jacques Drescher huet 1979 ugefaangen als Journalist ze schaffen. Mat him beliicht d'Pia Oppel d'politesch Geschicht a Géigewaart vum Lëtzebuerger "Ländchen".By podcast@100komma7.lu (radio 100,7).
 
Den nächste Freideg geet déi véiert Editioun vun der Luxembourg Art Week op. An der Victor Hugo Hal ginn dee Weekend iwwer 12.000 Konschtintresséiert erwaart. Am Virfeld huet de Christian Mosar sech mat de Kënschtlerinnen Trixi Weis a Suzan Noesen, grad wéi dem Galerist an Art Week Organisateur Alex Reding iwwer den Zoustand an d'Realitéite vum ...…
 
De Gast Gibéryen sëtzt zënter 1989 ouni Ënnerbriechung um Krautmaart, esou laang ewéi keen aneren Deputéierten. Dofir däerf den ADR-Deputéierten och déi éischt Sëtzung vun der neier Chamber de nächsten Dënschdeg presidéieren. An hie bleift dann esou laang Chamberpresident bis de Posten definitiv nei besat gëtt. Am Gespréich mam Maurice Molitor ...…
 
Aufzeichnung der Buchpräsentation / Lesung von Christian Futscher „Alles außer Lyrik“,erschienen im Czernin Verlag, vom 27.September 2018.By Redaktionsteam Literadio.
 
Fir d'éischte Kéier an de leschten honnert Joer riskéiert d'CSV zwou Legislaturperioden hannerteneen net an der Regierung ze sinn. Ee vun de Grënn ass de strategesche Rapprochement tëscht der DP an deene Gréngen am Joer 2011 mat enger Allianz och zënter 2013 mat der LSAP. Wéi ass d'Iddi vun deem Block ouni d'CSV entstanen? Wat huet d'Dräierkoal ...…
 
Hien ass ee vun den erfollegräichste Museker vu Lëtzebuerg. Och wann dat a senger Heemecht net vill Leit interesséiert huet. Mat 65 Joer kuckt de Buffalo C Wayne zeréck op Héichten an Déifte vu sengem musikalesche Parcours. Et geet Rieds vun den Ufanksjoren, wou hien zu Lëtzebuerg mat senger Band vun engem Thé dansant op deen nächste getingelt ...…
 
Wéi sollen déi verschidde Politikberäicher: Wirtschaft, Soziales an Ëmwelt iwwer d'Steieren ausgeriicht ginn? Wat fir en Accent setzen déi verschidde Parteien an der Besteierung vun de Stéit, de Betriber an dem Patrimoine? Doriwwer diskutéiere Vertrieder vun den néng Parteien, déi fir d'Chamberwahlen untrieden, an enger grousser Table ronde. Ro ...…
 
D'Invitéën änneren, d'Thema bleift: No de Lobbyisten a virun den Haapt-Protagoniste schwätze mir mat Journalisten iwwer d'Wahlen. Wat ass hir Analys vu fënnef Joer blo-rout-gréng? A wat erwaarde si vum Vott de 14. Oktober? Déi an aner Froe stellt de Maurice Molitor dem Caroline Mart vun RTL, dem Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land an dem Jean- ...…
 
An der éischter Emissioun Riicht eraus vun der Rentrée kucke mir mat Vertrieder vu Patronat, Salariat an der Zivilgesellschaft op de Wahlkampf, mir maachen ee Bilan vu blo-rout-gréng an definéieren d'Erwaardungen, déi op déi nei Regierung zoukommen. Invitéë beim Christiane Kleer sinn: d'Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement écologique, den A ...…
 
D'Juli Zeh ass eng ëffentlech Intellektuell, déi bekannt ass fir hir intensiv Ausernanersetzung mat aktuelle politeschen a juristeschen Diskussiounen. Hir Iwwerzeegung, datt den Auteur sech an der Ëffentlechkeet soll engagéieren ass net just an hirer journalistescher a juristescher Aarbecht ze erkennen, mee och an hirem fiktionale Schreiwen. De ...…
 
Aus eng trauregem aktuellem Ulass, dem Doud vum Georges Hausemer, den 13. August 2018, rediffuséiere mir d'Emissioun "Georges Hausemer - de Schrëftsteller vum Mount vum 30. Oktober 2017. Och wann d'Reesliteratur e bedeitenden Deel vum Georges Hausemer senger schrëftstellerescher Aarbecht ausgemaach huet, sou däerf een net säin anert Wierken aus ...…
 
Aus eng trauregem aktuellem Ulass, dem Doud vum Georges Hausemer, den 13. August 2018, rediffuséiere mir d'Emissioun "Georges Hausemer - de Schrëftsteller vum Mount vum 23. Oktober 2017. Südeuropa a Westafrika, Südostasien a Latäinamerika - vun iwwerall, wou de Georges Hausemer säi Fouss opgesat huet, huet hien och meeschtens literaresch Spuren ...…
 
Mat hirer lyrescher Prosa, déi d'LieserInnen op eng Italierees mathëlt, konnt d'Esther Kinsky dëst Joer d'Jury vum Buchpräis vun der Leipziger Buchmessse iwwerzeegen. D'Esther Kinsky huet awer net eréischt mat "Hain. Geländeroman" hiert aussergewéinlecht Talent fir d'Verschrëftlechung vun Observatiounen an Iwwerleeunge bewisen. D'Valerija Berdi ...…
 
Den Didier Eribon gehéiert haut zu de bedeitendste Soziologen a Frankräich. De soziale Milieu, sozial Beweegungen an d'Aarbechterklass stinn am Fokus vu senge Recherchen, Coursen a Seminären. Hie selwer staamt aus der Aarbechterklass an de sozialen Opstig vun Aarbechterkanner ass en eminent Thema a senge Wierker, grad esou wéi d'Roll an awer oc ...…
 
Hir Romaner sinn ëmmer Oden un d'Liewen an hir ProtagonistInne stamen aus enger bonter Welt. Poetesch a graff, verdreemt a realistesch, dramatesch an humorvoll ass hire Schreifstil ... Grad esou villschichteg, widderspréchlech an iwwerraschend, wéi hir Figuren ... D'Valerija Berdi mat Hannergrënn iwwer déi russesch Autorin Ljudmila Ulitzkaja.…
 
Seng ganz Carrière huet de Carlo Thill bei enger Bank gemaach: zanter Enn Juni ass de Generaldirekter vu BGL BNP PARIBAS an der Pensioun. Mam Carlo Thill geet rieds iwwer seng Carrière vu 40 Joer, iwwer d'Fortis-Kris an d'Bankerettung 2008 an iwwer d'Entwécklung an d'Zukunft vun der Finanz- a Bankeplaz Lëtzebuerg. Moderéiert vum Serge Kesseler.…
 
Dem briteschen Auteur Ian McGuire säi Buch "The North Water", aus dem Joer 2016, huet verschidde Kritiker un dem Melville säi "Moby Dick" erënnert - wéinst der Thematik vun der Walfängerei. De McGuire huet ee realistesche Roman geschriwwen, deen am 19. Joerhonnert virun der Küst vu Grönland spillt. Dës Mëschung aus Thriller a Survival-Roman kéi ...…
 
Stécht de Lëtzebuerger Filmsecteur an enger finanzieller Kris? D'Lëtzebuerger Filmproduzente sinn der Meenung, datt déi aktuell staatlech Filmfërderung vun, an der Moyenne, 33 Milliounen Euro pro Joer net méi duergeet. Et geet rieds vu Chômage partiel an engem Secteur, deen déi leschten 30 Joer systematesch mat staatleche Subventiounen opgebaut ...…
 
"Die Schrecken des Eises und der Finsternis" heescht dem Christoph Ransmayr säin éischte Roman an den däitsche Schrëftsteller hëlt, wéi vill aner Auteuren, dem Mier dat Friddlecht a Romantescht. D'Ausenanersetzung mam Mier, de Geforen, dem Onbekannten an dem Onheemlechen - och haut e grousst Thema an der Literatur. Iwwer Bicher, déi engem den O ...…
 
Mam Luxembourg Institute for High Performance in Sports (LIHPS) ass ufanks des Joers eng nei Struktur geschaf ginn, fir de Lëtzebuerger Sport weider ze professionaliséieren. Si mir elo gutt gestiwwelt oder feelt nach eppes? A wat kann ee vun all den Efforten erwaarden? Medailen? Oder geet et just duer, fir datt de Retard op d'Weltspëtzt net (na ...…
 
Gespräch mit der Autorin Eleonore Neiss über ihr Hörbuch „Amselmütter“. Es geht um die Träume und Entwicklungen in Beziehungen. Plötzlich wird die Alltagsroutine der gut verheirateten Mehrfachmutter Johanna durch Tom durcheinander gebracht. Selbstreflexion, Verantwortung vs. Gefühle. Eine Geschichte aus dem Alltag vieler Frauen. Im Gespräch mit ...…
 
Etonnants voyageurs heescht de grousse Literaturfestival zu Saint-Malo. D'Stad vun de Korsaren grad wéi déi ganz bretonesch Küst hu schonn an der Vergaangenheet déi franséisch Schrëftsteller ugezunn an inspiréiert. Eng literaresch Rees mam Valerija Berdi an d'Bretagne vu gëschter an haut.By podcast@100komma7.lu (radio 100,7).
 
Demokratie léieren iwwer Wëssensvermëttlung a Praxis. Wéi onofhängeg ka politesch Bildung sinn? Wéi vill Fräiraum ass an der Participatioun méiglech? A wat ass d'Roll vun de Medien? Acteuren aus Gesellschaft, Medien an Educatioun diskutéieren: Nora Back (OGBL), Paulina Dabrowska (Kannerbüro Wolz), Marc Schoentgen (ZpB), Jean-Lou Siweck (Editpre ...…
 
Ee Mann kann zerstéiert, mee net besiegt ginn. Dat schreift den Ernest Hemingway a sengem bekannte Wierk "The Old Man and the Sea". Eng Novella, fir déi den amerikaneschen Auteur fir d'éischt de Pullitzer Präis an duerno de Literaturnobelpräis krut. De Kampf vum Iwwerliewen, den Test vu kierperlechen a geeschtege Limitten an d'Onauswäichlechkee ...…
 
E Mann e Buch. Nach haut gëtt den Herman Melville virun allem op eent vu senge Wierker reduzéiert, de "Moby Dick". Hie steet domadder net eleng, och aneren Auteuren ass et d'selwecht ergaangen. Et muss een awer zouginn, datt de Roman, deen de Melville 1851 publizéiert huet, als Klassiker ka bezeechent ginn. D'Martine Reuter mat Hannergrënn.…
 
De Jean-Jacques Rommes hält als Generaldirekter vum Patronatsdaachverband op, bleift fir d'UEL awer ënner anerem am Wirtschafts- a Sozialrot aktiv. Mir notzen d'Geleeënheet fir mam Jurist iwwer seng Carrière a seng Siicht op de Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell ze schwätzen: No zéng Joer bei der BIL, 20 Joer bei der ABBL a véier Joer bei der UEL s ...…
 
8th univie.slam.poetrie ’speak up‘ am 9.6.2018 – prämierter Beitrag von Lea KerschhagglBy Redaktionsteam Literadio.
 
Aufzeichnung des 8th univie.slam.poetrie ’speak up‘ am 9.6.2018 im Arkadenhof der Universität Wien. Gewinnerinnen: Lea Kerschhaggl (1), Janea Hansen, Mieze Medusa (2. ex aequo) Moderation: Markus KöhleBy Redaktionsteam Literadio.
 
Et gi vill Deitunge vum wuel bekanntste Wierk aus dem ale Griicheland. D'Valerija Berdi huet sech mam Homer senger Odyssee auserneegesat an d'Meenung vum Linguist an Expert vun der algriichescher Literatur Dr. Ian de Toffoli gefrot. Begleet eis op dem Odysseus senger schwiereger Rees an dem Versuch erëm a säi geuerdent Liewen zréckzekommen.…
 
Mat Unterleuten huet Juli Zeh 2016 ee Gesellschaftsroman publizéiert, deen sech mat wichtegen zäitgenëssesche Froe beschäftegt: Gëtt et nach eng Moral déisäit vun eegenem Interessi? Wourunner gleewe mir an enger Welt ouni Visiounen? Wisou mengt jiddereen, ëmmer Recht ze hunn, a lauschtert net méi op dat, wat anerer ze soen hunn?…
 
Finn ist fünfzehn Jahre alt, Trennungskind, leidenschaftlicher Kletterer und erleidet bei einer seiner Touren einen schweren Unfall. Aus dem Koma jedoch erwacht er mit neuem Geist. Seine Welt hat einen Riss bekommen und aus der bisher unterschwelligen Rebellion gegen den verhassten Stiefvater wird nun offener Aktivismus, in dessen Folge Finn un ...…
 
Et ass de Psychoanalytiker a Psycholog Jacques Lacan, deen dësen zäitgenësseschen enfant terrible vun der Philosophie gepräägt huet. Kulturkritiker, Philosoph a poststrukturalisteschen Psychoanalytiker a virun allem Polemiker däerf hie sech nennen. Hie bezeechent sech awer am Léifsten als iwwerzeegte Kommunist an huet dofir seng Erklärungen an ...…
 
In Marianne Jungmaiers drittem Roman lernen wir eine Berliner Subkultur kennen. Fast dokumentarisch nähern wir uns über den Protagonisten Aiden einer Lebenswelt voller Parties, Drogen, eletronischer Musik und Fetisch. Ein unbestimmtes wie unverbindliches Leben, das kaum Sicherheiten und ebensowenig Platz für eine Blick auf die eigenen Verletzun ...…
 
"Für den Schriftsteller, der nirgends Heimat hat, ist die Sprache wie eine Plazenta" schreift den Norman Manea an engem vu sengen Essayen, déi ënner dem Titel "Wir sind alle im Exil" publizéiert sinn. D'Sprooch ass alles fir de rumänesche Schrëftsteller a wéi een eens gëtt, wann een d'Source vun dëser verluer huet, erzielt de Manea an erënnert ...…
 
Philosophie, Erinnerungen, Wortspiele und mehr…all das findet sich in den 50 Gedichten, die Alexander Peer in seinem neuen Gedichtband gesammelt hat. Die programmatische Unterteilung in die fünf Kapitel Kopf, Herz, Bauch, Geschlecht und Hand bezieht die Texte auf Körperteile und verwendet den fragmentierten Körper zugleich als Projektionsfläche ...…
 
Die Rückkehr des Hooligan - ein Selbstporträt - ass den Titel vum autobiographesche Wierk vum Norman Manea. Den 1936 gebuerene rumänesche Schrëftsteller mécht eng Rees duerch déi rumänesch Literatur, déi grad esou komplex, widderspréchlech, beréierend, erschreckend a räich ass wéi d'Geschicht vun dësem Balkanland. E Land, eng Sprooch an eng Lit ...…
 
D'Esther Kinsky gouf dëst Joer mam Buchpreis der Leipziger Buchmesse fir hiert Prosawierk "Hain. Geländeroman" ausgezeechent. Bei hire Prosatexter huet een eigentlech den Androck, et géif ee pur Poesie liesen, wat u sech net erstaunlech ass, well et ass d'Lyrik, wou d'Esther Kinsky sech doheem spiert. Iwwer der Esther Kinsky hir Gedichter infor ...…
 
De Radio 100,7 hat dëse Mount d'Geleeënheet, ee Gespréich mat eisem Schrëftsteller vum Mount ze féieren. Am Ufank een distinguéierten Evolutiounsbiolog, huet sech dem Richard Dawkins seng Carrière schnell an d'Richtung vun der Wëssenschaftspopulariséierung beweegt. Virun allem säi Buch "The Selfish Gene" war destinéiert, di philosophesch Implic ...…
 
Ënnert dem Numm The Darwin Wars gouf an den 1970er Joren eng Kontrovers gefouert, déi scheinbar grouss politesch a weltanschaulech Konsequenze vun der Evolutiounstheorie betraff huet. Bedeit dem Darwin seng Theorie, an d'Erfuerschung vun der Genetik am Allgemengen, datt d'Mënschheet just iwwerliewe kann, wa se sech der Natur hire scheinbaren Eg ...…
 
De Richard Dawkins ass engersäits Wëssenschaftler aus dem héichtechnesche Beräich vun der Evolutiounsbiologie an anerersäits e Verfechter vun engem wëssenschaftlech motivéierten Atheismus. De Versuch, déi zwee Aspekter vuneneen ze trennen, ass eventuell zum Scheitere veruerteelt ... mä grad dowéinst derwäert. Well genee déi Kontroversen, déi se ...…
 
Literatur a Soziologie verbanne fir d'Wourecht auszeschwätzen an ze verschaffen, sinn d'Motiver, déi den Edouard Louis inspiréiert hunn. Bis elo sinn zwee Wierker dobäi erauskomm: "En finir avec Eddy Bellegueule" an "Histoire de la violence". Den Edouard Louis war kierzlech Gaascht am Institut Pierre Werner, wou hien analytesch iwwert seng Lite ...…
 
Den Didier Eribon wollt "Retour à Reims" schreiwen a vergiessen, Dat war awer net méiglech an dann huet de Soziolog "La société comme verdict" publizéiert. Nach emol geet hien op d'Phänomener vun de soziale Klassen an. "Transfuge de classe" bezeechent hien de sozialen Opstig, dee geléngen awer ni fräi vu Stigmatiséiere bleift. E Bléck an dëst W ...…
 
Rechtzeitig zum Intensivwahlkampf der österreichischen Nationalratswahl erschienen im Herbst 2017 bei der Edition Aramo die Kanzlernachfolgegedichte von Gerhard Ruiss, Autor, Sänger, literarischer Interessenvertreter. Vor 12 Jahren veröffentlichte er die Kanzlergedichte. Die Kanzlernachfolgegedichte sind nicht nur ihre Fortsetzung, sie setzen a ...…
 
Den Didier Eribon gehéiert haut zu de bedeitendste Soziologen a Frankräich. De soziale Milieu, sozial Beweegungen an d'Aarbechterklass stinn am Fokus vu senge Recherchen, Coursen a Seminären. Hie selwer staamt aus der Aarbechterklass an de sozialen Opstig vun Aarbechterkanner ass en eminent Thema a senge Wierker, grad esou wéi d'Roll an awer oc ...…
 
Bloggen kann a ville Formen an aus villen Uersaachen realiséiert ginn. D'Valerija Berdi huet sech op d'Sich no literaresche Bloggen ze Lëtzebuerg gemaach. Wat ass d'Plus-value a wéi eng Auswierkug huet dat op d'Schreiwen? A wéi enger Form bloggen Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller ze Lëtzebuerg?By podcast@100komma7.lu (radio 100,7).
 
Google login Twitter login Classic login