Regierung public
[search 0]
More

Download the App!

show episodes
 
Loading …
show series
 
De 4. Dezember 1940 gouf déi lëtzebuergesch Fräiwëllegekompanie integral op Weimar an eng "Polizeiumschulung" geschéckt. Zwee Drëttel vun dëse Männer sinn duerno op verschidden Eenheeten an Däitschland verdeelt ginn, an et huet fir si eng jorelaang Krichsodyssee ugefaangen. De Verrot vun der Regierung un der Fräiwëllegekompanie a seng Folgen, ass d…
 
An den Nonzegerjoren hat den deemolege Premier Jean-Claude Juncker virun enger Dräi-Véierels-Gesellschaft zu Lëtzebuerg gewarnt, mat Vue op d'Entwécklung vum Aarmutsrisiko. Wie gemengt huet, déi vun him geféierte Regierungen oder déi vu sengem Nofollger Xavier Bettel géifen alles ënnerhuelen, fir esou eng Entwécklung ze verhënneren, huet sech leide…
 
Den Zentrum fir zäitgenëssesch an digital Geschicht (C2DH) krut fir hire Projet Historical Voices from the Minett e Präis. Dobäi geet et ëm Liewensgeschichten aus dem Minett, no deene laang recherchéiert gouf, fir se da multimedial presentéieren ze kënnen. D'Julia Harnoncourt vum C2DH beschreift, ëm wat et bei dësem Projet am Detail gaangen ass.…
 
D'Personenstandsaufnahme spillt an der kollektiver Erënnerung esou eng wichteg Roll, datt et komplizéiert ass ze wëssen, wat wierklech passéiert ass. Joerzéngtelaang gouf dat Evenement wéi de Moment presentéiert, wou d'Lëtzebuerger hir Existenz als Natioun behaapt hunn. Zäitgenëssesch Quelle féieren zu enger Conclusioun, déi méi bescheiden ass: d'P…
 
Den 12. September sinn zu Jonglënster 15 Stolpersténg geluecht ginn, véier fir Afferen vun der Shoah, 11 fir Zwangsrekrutéierter déi am Krich gefall sinn. Dat Evenement huet eng Polemik provozéiert déi d'Räss an der Lëtzebuerger Gedenkkultur erëm däitlech gemaach hunn. Den Organisateuren gëtt reprochéiert, dass se zwee Verbriechen op engem Niveau g…
 
D'Nazien hunn iwwerall, wou si d'Herrschaft iwwerholl hunn, Männer a Jongen zwangsrekrutéiert. Och hei zu Lëtzebuerg huet dëst Virgoe vill Leed matsechbruecht, well vill vun dëse Jongen a Männer koumen ni méi Heem. D'Nina Janz vum C2DH, dem Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History vun der Uni Lëtzebuerg, huet sech an dës schwéier Zäit…
 
Enn Summer 1941 wollt den Nazi-Regimm d'Volkstumsverhältnesser zu Lëtzebuerg klären, am Kloertext, seng eethnesch Säuberung virbereeden. D'Personenstandsaufnahme, déi fir den 10. Oktober virgesi war, sollt den däitschen Autoritéiten erlaben erauszefannen, wien am Land "däitschrasseg" war a wien net. Wie bleiwe konnt a wie sollt ausgesiidelt ginn. Z…
 
Hei gëtt de Solde migratoire mat den effektiven Zuele vun Emigrante verwiesselt, mengt den Denis Scuto. En zweete Feeler bei dëser Ausso vu ronn 70.000 Lëtzebuerger Auswanderer wier et, eng relativ an net absolut Zuel, déi sech op d'Verhältnis tëschent Immigratioun an Emigratioun bezitt, komplett der Auswanderung an d'Vereenegt Staaten zouzeuerdnen…
 
Den dräifache Referendum vum 7. Juni 2015 war de Lëtzebuerger Gilet-jaune-Moment, de Lëtzebuerger Brexit, d'Lëtzebuerger Trump-Wal; et war de Moment, wou sech en onerwënschten Invité an d'Debatt zeréckgemellt huet: d'Natioun. An de politeschen, ekonomeschen, kulturellen mee och gewerkschaftlechen a reliéisen Elitten hat keen domadder gerechent, dee…
 
Direkt nom Ufank vun der däitscher Invasioun goufen an der Sowjetunioun Massenerschéissunge vu Judde gemaach. Den NS-Regimm huet op der Ostfront eng mäerderesch "Endlösung der Judenfrage" entworf. Zum selwechten Zäitpunkt huet sech och d'Situatioun vun de Judden am besate Lëtzebuerg dramatesch verschlechtert. Eng Chronik vum Vincent Artuso…
 
Den 22. Juni 1944 hunn d'Lëtzebuerger erausfonnt, datt eng nei Phas vum Krich ugefaangen huet: d'Invasioun vun der Sowjetunioun duerch dat Drëtt Räich. D'Lëtzebuerger hunn den Evenementer mat zwispältege Gefiller nogekuckt. D'Perspektiv vun enger däitscher Nidderlag huet ville Lëtzebuerger gefall. Déi vun enger sowjetescher Victoire huet si dann aw…
 
Nom Éischte Weltkrich huet Lëtzebuerg eng Logementskris erlieft. De Krich hat d'Bauaktivitéit ofgebremst, wouduerch et net genuch Wunnenge gouf, fir der klammender Demande gerecht ze ginn. Fir der Kris entgéint ze wierken, huet de Staat Mesure fir de Mieterschutz agefouert, déi awer zäitlech begrenzt waren. 1927 war et schonn nees mam Mieterschutz …
 
Viru genee 80 Joer, am Virfeld vum éischte Gebuertsdaag vun der Invasioun, hunn d'NS-Autoritéiten eng grouss Kampagn géint d'traditionnell Elitte lancéiert. Staatsbeamten, Fräiberuffler a Geeschtlecher goufe besonnesch cibléiert. Duerch de Leidenswee vun eenzelne Vertrieder, hunn se awer en Deel vun der Legitimitéit zeréckgewonnen, déi se an de Méi…
 
E kritescht Bewosstsinn fir Geschicht schafen dierf op kee Fall vun der enger allgemenger Vermëttlung vu Geschicht getrennt ginn. Den Zougank zu der Geschicht huet sech zwar an de leschte Joerzéngte stänneg demokratiséiert, mee de Contenu bleift awer gären ëmmer nach national a staatlech gepräägt. D'Ausernanersetzungen ëm den Artuso-Rapport sinn e …
 
Die Kategorien "Verräter" und "Patriot" überdecken oft die komplexen Lebensverhältnisse der Nachkriegszeit. In den wenigsten Fällen herrschte ein gesellschaftlicher Konsens darüber, wer nun in die eine oder andere Kategorie eingestuft werden sollte, in Luxemburg, wie auch in fast allen europäischen Ländern. Immer mehr Forscher widmen sich in letzte…
 
Viru genee 80 Joer hat de Gauleiter Gustav Simon en Deel vum Optrag erfëllt, deen den Hitler him ginn hat, dat heescht Lëtzebuerg Heim ins Reich ze bréngen. Vu Mäerz/Abrëll un ass hien dunn nach e Schratt méi wäit gaangen. Säin Zil war et elo d'Leit och moralesch vum Nationalsozialismus ze iwwerzeegen. Well déi meescht Erwuessener senger Meenung no…
 
Viru genee engem Joer huet am Resistenzmusée zu Esch eng vun de leschte gréissere vun de Medie verfollegten historeschen Debatte virum Lockdown de 15. Mäerz 2020 stattfonnt. Dës Table Ronde hat iwwer 70 Leit an de Konferenzraum vum Musée gezunn. Vun den Intervenanten, 5 Historiker an 1 Publizist, gouf versicht Kloerheet iwwert e noutwennege Sujet z…
 
Viru genee 80 Joer, am Februar 1941, hunn d'Nazien aus Lëtzebuerg en Deel vum Gau Moselland gemaach. D'NSDAP huet zu Lëtzebuerg hir Muecht opgebaut an ausgedeent. Zu deem Zäitpunkt ass awer och fir d'éischte Kéier zanter Laangem e Schimmer Hoffnung opgetaucht. Déi Däitsch an d'Italieener hunn hir éischt Nidderlage kannt an déi éischt Resistenz-Orga…
 
Loading …

Quick Reference Guide

Copyright 2021 | Sitemap | Privacy Policy | Terms of Service
Google login Twitter login Classic login