Suizid public
[search 0]
More
Download the App!
show episodes
 
Loading …
show series
 
Israel, Gaza, Gewalt am Noen Osten. Business ass usual, kéint ee mengen, wann do net den 7 Oktober gewiescht wär. Wat passéiert grad tëscht Israel a Gaza, an firwat? Op wat leeft d’Situatioun eraus? Gëtt et eng sortie de crise? Oder gëtt et en regionalen Krich? A wat ass de geopoliteschen Kontext?Respektiv, wien huet Recht, a wien sinn di béis?Dat …
  continue reading
 
Punition, réinsertion ou pardon ?Nous poursuivons notre exploration du monde carcéral avec la seconde partie de l’interview. Comment la prison gère-t-elle les prisonniers ? Faut-il les punir ? Ou les tenir à l’écart de la société pour la protéger ? Que se passe-t-il une fois que leur peine est purgée ? Sentence purgée, faute pardonnée ?Je vais pose…
  continue reading
 
Aujourd'hui, explorons le monde carcéral avec une question intrigante : Qui choisit d’aller volontairement en prison ? Le directeur, bien évidemment, l'un des rares à se trouver volontairement derrière les barreaux !Qu'est-ce qu'être directeur de prison ? Quelles missions et quelles personnes embrassent cette carrière unique avec des détenus au quo…
  continue reading
 
Ass et banal, Worksheets iwwert di Verstuerwen z’erstellen? Wéi ginn di Leit vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé mat hirem Arbeschtsmaterial eens. Veränneren Zuelen an Zifferen den Rapport, deen een zu senger eegener Stierflechkeet huet? Lauschtert eran, fir et eraus ze fannen!Am Gespréich den Guy Weber, d’Claudia…
  continue reading
 
Wat bedeit “mort de cause inconnue” oder “mort sans témoin”? Wat verstoppt sech hannert den diversen an zum Deel beonrouegenden Coden an Bezeeschnungen vun den Statistiken iwwert den Doud vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé verstoppt. Dat fannt der nëmme eraus, wann der eran lauschtert!Am Gespréich den Guy Weber, …
  continue reading
 
Wann een stierft, kënnt een net nëmmen op der Kierfech, mee och an d’Statistik. An dëser Episod kucke mer, wat den Job vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé ass. Firwat sammelt si Statistiken iwwert di Doudeg? Wéi mécht se dat? A wat gëtt mat deenen Daten gemaach? Dat fannt der eraus, wann der eran lauschtert!Am Ges…
  continue reading
 
Stellt Iech fir, dier wäert Journalist a misst en Walkampf ofdecken. Wéi maacht der dat? Wéi eng Froen stellt der? Wiem stellt der se? Muss all Politiker di selwecht Froen gestallt kréien? Wéi verhënnert een, vun der Politik als Werbe-Plattform mëssbraucht ze ginn?Bref: Wéi leet een sech un, fir en Walkampf neutral an sachlech ze managen.Déi Froen …
  continue reading
 
Suizid ass en Tabu-Thema. A genau dofir schwätze mer driwwer. Ween hëllt sech d'Liewen? Firwat? Wéi? Wat muss, kann oder soll een ënnerhuelen? Muss een iwwerhaapt? Wéi geet Suizid-Präventioun? A wat mécht dat mental oder emotional mat Léit, di an dem Beräich schaffen? Déi Froen stellen ech dem Dr. Fränz D'Onghia, dem Direkter vun der Ligue Luxembou…
  continue reading
 
An der Theorie ass all Staat souverän. An der Praxis ass Muecht awer duerch vill Faktoren beschränkt. Am Oktober sinn Chamber-Walen. Dofir wollt ech den Petz Bartz froen, wéi eng 3 international Saachen een senger Meenung no am Hannerkapp hale sollt, fir informéiert wielen ze goen. A wéi esou oft ass Praxis méi komplizéiert wéi d’Theorie...…
  continue reading
 
An der Serie „Äddi a Merci – E Liewen mam Doud“ gi mer haut kucken, wéi de Pompjee mam Doud confrontéiert gëtt. Et ass jo e Beruff, wou een ni weess, wat op een duer kënnt. A wou een och mol Schlëmmes muss gesinn. Wat erwaart een iwwerhaapt? Wéi gëtt een domat eens? Déi Froen diskutéieren ech mam Béatrice Kabers, mam Pit Gries a mam Jeff Gotting.…
  continue reading
 
Unidentified flying object, unidentified aerial phenomenon – wat verstoppt sech hannert deenen Ofkierzungen? 2021 verëffentlecht de Pentagon den UAP Rapport, 2023 schéissen divers Länner UFO’en of. Mee dat bedeit net onbedéngt, dass d’Aliens do sinn! Oder awer dach? Wéi kënne mer mat Phänomener ëmgoen, di mer net verstinn ?E Gespréich mam Mario Ple…
  continue reading
 
Wat sinn d’Prinzipien vun enger Gerechter Gesellschaft? A firwat ass di vernünfteg Äntwert (laut dem Rawls) Fairness?Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie.An dëser Episod erklären ech den John Rawls.Link zum Podcast mam Taina Bofferding zum Thema Gläichheet an dem Ministère de l’Égalité en…
  continue reading
 
Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Intro.Ech behandelen dobäi follgend Froen:Wat ass Philosophie?Wéi fonctionéiert Philosophie?Wéi eng Beräicher ginn am Fach Philosophie behandelt?Wéi eng Themen deckt d’Kapitel Intro vum Fach Philo of?Wat erwaart een an der Prüfung an am Examen?…
  continue reading
 
Gläichheet vu Fraen a Männer – wat soll een sech dorënner virstellen? Firwat war den MEGA mol en Ministère vun Chancëgläichheet, an elo ass et een just nach vu Gläichheet? A wat ass mat Gläichberechtegung? Wat verstoppt sech hannert deenen Konzepter an firwat ass de MEGA iwwerhaapt do? En Interview mat der Ministesch Taina Bofferding…
  continue reading
 
Wéi wichteg ass d’Mémoire? A wéi commémoréieren mer richteg? Firwat iwwerhaapt engem gedenken, wiem gedenke mer, a fir wen eigentlech?D’Stolpersteng sinn eng Aktioun, di di Froen erëm aktualiséiert hunn, a fir Diskussioun gesuergt hunn. Fir ze verstoen, wéi en Denkmal un d’Opfer vun den Nazien problematesch ka sinn, hunn ech beim Françoise Brück a …
  continue reading
 
Sex, Jalousie, Léift, Gewalt, Verrot, Ausbeutung (an Alligatoren?), en gutt Rezept fir en spannenden Film, oder awer och dat ideaalt Rezept fir en moraleschen Problem! Ass hei all Mënsch en Opfer, oder sinn et alles Täter? Oder ass d'Situatioun an dësem Fall esou trubel wéi d'Gewässer vum Floss, nieft dem d'Drama stattfënnt?Haut diskutéieren ech ma…
  continue reading
 
Et kéint ee mengen, d’Missiounen vun der Police wären de Schutz vum Bierger an d’Erhalen vu Sécherheet a Fridden.Mee an den USA ass dat awer net esou, do huet d’Police keng föderal Obligatioun, déi Saachen ze maachen. Wéi ass et dann zu Lëtzebuerg? Huet d’Police en devoir de protection?Ech war bei d’Simone Beissel, fir Äntwerten op meng Froen ze kr…
  continue reading
 
Eng Fro, di mer eis am Speakeasy oft gestallt hunn, ass, ob de Batman an de Prison gehéiert. Philosophéieren kann een vill doriwwer, wat da lo richteg ass, oder moralesch noutwenneg. Mee wat seet d’Gesetz?Däerf den eenzelen Bierger fir Recht an Uerdnung suergen? Däerf een sech als Superheld verkleeden an den Batman nomaachen? A firwat erlaabt den S…
  continue reading
 
Soll ech een Onbekannten opferen, fir der puer ze retten? Oder soll ech mech op kee Fall amëschen? Däerf ech een aktiv ëmbréngen, fir aneren Liewen ze retten?Di Froen ginn an am Trolley-Problem an an sengen ville Varianten op gehäit.Mee dës Kéier wollt ech net wëssen, wat ethesch besser wär. Dës Kéier interesséieren ech mech dofir, wat d’Gesetz zum…
  continue reading
 
Ass Zwergen-Werfen onwürdeg? Haut stelle mer eis net d’Fro, wéi wäit ee goen kann, mee wéi wäit ee werfen soll. Oder éischter op een iwwerhaapt werfen soll. Däerf een de Leit am Numm vu bestëmmten Prinzippien eppes verbidden, wat se maachen wëllen, oder net? Mir probéieren, déi Fro ze beäntweren, an diskutéiere béi eisem philosopheschen Kaffiskränz…
  continue reading
 
De Krich an der Ukrain – Hätt een en misse komme gesinn? Wat passéiert eigentlech? A firwat? Si mer hei zu Lëtzebuerg a Gefor ? Wéi geet et weider? Et ass zwar onméiglech, am Moment Äntwerten op di Froen ze ginn, mee ech probéieren mam Petz Bartz emol mer en Iwwerbléck iwwert d’Situatioun ze verschafen.…
  continue reading
 
Loading …

Quick Reference Guide