Tabuthema public
[search 0]
More
Download the App!
show episodes
 
Loading …
show series
 
Drénkwasser vun der Musel, verstoppte Plazen op de Staustufen a firwat e schéine Waasserfall am Mëllerdall verschwanne soll. D’Musel ass eng vun de wichtegste Waasserstroossen an Europa. Am Pisa de Réckbléck op déi feierlech Aweiung viru 60 Joer. A mir ginn op eng Plaz an der Staustuf vu Stadbriedemes déi normalerweis mat Waasser gefëllt ass. Sech …
  continue reading
 
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D’Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d’Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht g…
  continue reading
 
Komm mir schwätzen driwwer Eise Kierper, eis Sexualitéit. Eng Sexualpedagogin wëll nieft Kanner och mat Erwuessenen Tabue briechen. D’Linguistin erkläert wou verschidden Ausdréck fir d’Geschlechtsdeeler hierkommen an ob Männer hei wierklech besser ewech kommen. Wat weess d’Wëssenschaft iwwert den Orgasmus. A firwat Pornographie sech net just op Kan…
  continue reading
 
Puer vun de bis elo beschte Momenter an d’Fuerschung hannendrun. No 10 Episoden Take Off kucke mir am Pisa zréck op déi bescht Momenter aus der Science Challenge Show. Kniwweleg wëssenschaftlech Challengen. Spannend bis déi lescht Sekonn. Wéi hunn d’Kandidaten d’Show erlieft? Wéi eng Fuerschung stécht hannert den Challengen? A firwat ass Take Off f…
  continue reading
 
Déi bescht Momenter aus den éischten Episoden an d’Fuerschung hannendrun. D’Emily, d’Sonia an den Amin un Take Off scho misse verloossen. D’Chiara, den Alex an d’Polina sinn nach ëmmer dobäi. Wéi hunn des sechs Kandidaten d’Science Challenge Show bis elo erlieft? Wat huet si am meeschte begeeschtert? Wat waren déi gréissten Erausfuerderung? A mir g…
  continue reading
 
Wat schwätzt duerfir, wat dogéint? Zwee identesch Elektro-Autoen. Awer zwee verschidde Chauffeur. Wéi vill Afloss hu Fuerstil an Heizung dorop wéi wäit ee kënnt? A wann den Akku futti ass. Eng Lëtzebuerger Start Up schafft drun, datt een Akkue méi laang benotzen a recycléiere kann. Dräi grouss Vibratiouns-Camione sichen no Energie am Buedem. Firwat…
  continue reading
 
Eng jonk Studentin verzicht fir en Experiment dräi Deeg op hire Smartphone. Wat léist dat an engem aus? Firwat gräife vill Leit dacks reflexaarteg nom Handy? A wouru mierkt een dass ee vläicht handysüchteg ass? Am Lycée Ermesinde zu Miersch hunn se den Handy ganz verbueden? Firwat déi Decisioun a wéi kënnt se bei de Schüler un? A Fuerscher um LIST …
  continue reading
 
D’Geschicht an d’Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir …
  continue reading
 
Eng spannend Course mat Bus an Zuch duerch ganz Lëtzebuerg Am neie Pisa Summerchallenge fueren den Olivier Catani a Mister Science mam ëffentlechen Transport queesch duerch d’Land. Allen 100 Gemengen. A 24 Stonnen. Non Stop. Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi eng Verbindunge muss een huelen. A wéi dacks ëmklammen? Si maachen um Wee duerch d’Land de G…
  continue reading
 
Drénkwaasserversuergung fréier, haut a muer. De Stauséi ass dee gréissten Drénkwaasserreserv zu Lëtzebuerg. D’Réihwaasser gëtt elo an engem neie Waasserwierk propper gemaach. Wéi eng modern Technik gouf hei zu Eschduerf installéiert. A wéi kréien se d’Waasser mam neie Pompelwierk aus dem Dall op de Bierg erop. Grouss Efforten dass mer och an Zukunf…
  continue reading
 
Firwat mir am Auto fluchen a wéi relax mer an Zukunft wäerte fueren. Ëmmer méi Autoen. Permanent Chantieren. An deen éiwege Stopp and Go. Dat ass dach guer net schlëmm. An Zukunft wäerte mir nämlech net méi selwer fueren. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Fuerschung un autonomen Autoen. Wat déi haut scho kënnen a wou nach Challenge sinn. Mir erklären firwa…
  continue reading
 
Wou KI eis schueden, awer och nëtze kann Den Tom Cruise an der RTL Reunioun. En Deep Fake. Méiglech duerch kënschtlech Intelligenz. Eng Identitéit fälschen kann awer och geféierlech sinn. Fuerscher op uni.lu entwéckelen e Programm mat deem een esou Fälschungen enttarne kann. Am Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet wëllen se mat KI Krankheeten besse…
  continue reading
 
Wéi Plastik eist Liewe vereinfacht huet a gläichzäiteg eng Gefor ka sinn E Liewen ouni Plastik, onvirstellbar. Mir hunn eng Plaz zu Lëtzebuerg fonnt wou een erliewe kann wéi den Alldag fréier war, ganz ouni Plastik. Erzielen d’Geschicht vun dësem Wonnerstoff. Léiere Fuerscher kennen déi Plastik méi ëmweltfrëndlech maachen. Analyséieren Spillsaachen…
  continue reading
 
Firwat mir al ginn a wat een dogéint maache kann Experiment Alter. Wa Gewiichter un Äerm a Been, enk Bandagen un de Gelenker an e spezielle Helm een al maachen. Mat engem Altersimulatiounskostüm kann ee spiere wéi d’Liewen ass mat Ufank 80. Mir gesinn wéi Computerspiller eelere Leit kënnen hëllefe manner séier ze falen. A wéi ee säi Kierper a Gehie…
  continue reading
 
Solarstroum-Fuerschung zu Lëtzebuerg a wéi een Energie spuere kann Mir maachen eis op d’Sich no den Apparater déi am meeschte Stroum verbrauchen. De Schäffchen, d’Chrëschtbeliichtung oder awer d’Tëlee? Wéi kann ee bei sech Doheem Stroum spueren. Kann een eng Solaranlag och einfach an d’Steckdous stiechen an de Stroum direkt benotzen? Mir hunn um Da…
  continue reading
 
Op der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg Se sinn knapp dräi Meter héich an et gëtt se just laanscht zwou Grenzen op der Welt. Op engem groussen Deel vun der belsch-lëtzebuerger Grenz goufe gosse Grenzmaarken opgestallt. Am neie Pisa Summerchallenge wëllen den Olivier Catani a Mister Science déi ganz Grenz befueren an op…
  continue reading
 
Loading …

Quick Reference Guide