Anne-Marie Millim

39:15
 
Share
 

Manage episode 221655475 series 2182286
By Discovered by Player FM and our community — copyright is owned by the publisher, not Player FM, and audio streamed directly from their servers.
Iwwer de Jean-Baptiste, genannt Batty Weber, huet d'Anne-Marie Millim am Kader vun engem FNR-Projet dräi Joer laang besonnesch de Fokus op de sougenannten "Abreisskalender" geluecht, deen de Batty Weber tëschent 1913 an 1940 geschriwwen huet. Zesumme mat anere Fuerscher huet si 2017 d'Wierk "Batty Weber Werk und Wirkung" erausginn, an deem nieft den Abreisskalender och Prosa, Zäitgeschicht a Fiktioun vum Batty Weber ënner d'Lupp geholl goufen. Mëttlerweil kann een dem Batty Weber seng Texter vum Abreisskalender online noliesen, ënner https://battyweber.uni.lu/. Muer, Donneschdeg, den 22. November ass zu Stadbriedemes am Sall Batty Weber de Virtrag iwwer dee Batty Weber. D'Dr. Anne-Marie Millim erzielt iwwer dësen extraordinäre Personnage. Auszich vun Texter gi gelies vum Tom Weber. Dëse Virtrag ass den Optakt vun engem Zyklus, an deem Laureate vum Batty Weber Präis hir Wierker wäerte presentéieren. Dëse Zyklus ass organiséiert vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Stadbriedemes.

246 episodes available. A new episode about every day averaging 42 mins duration .