Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Player FM - Podcast App Go offline with the Player FM app!
In this premiere episode of "The God Hook," host Carol Costello introduces the chilling story of Richard Beasley, infamously known as the Ohio Craigslist Killer. In previously unreleased jailhouse recordings, Beasley portrays himself as a devout Christian, concealing his manipulative and predatory behavior. As the story unfolds, it becomes clear that Beasley's deceitfulness extends beyond the victims he buried in shallow graves. Listen to the preview of a bonus conversation between Carol and Emily available after the episode. Additional info at carolcostellopresents.com . Do you have questions about this series? Submit them for future Q&A episodes . Subscribe to our YouTube channel to see additional videos, photos, and conversations. For early and ad-free episodes and exclusive bonus content, subscribe to the podcast via Supporting Cast or Apple Podcasts. EPISODE CREDITS Host - Carol Costello Co-Host - Emily Pelphrey Producer - Chris Aiola Sound Design & Mixing - Lochlainn Harte Mixing Supervisor - Sean Rule-Hoffman Production Director - Brigid Coyne Executive Producer - Gerardo Orlando Original Music - Timothy Law Snyder SPECIAL THANKS Kevin Huffman Zoe Louisa Lewis GUESTS Doug Oplinger - Former Managing Editor of the Akron Beacon Journal Volkan Topalli - Professor of Criminal Justice and Criminology Amir Hussain - Professor of Theological Studies Learn more about your ad choices. Visit megaphone.fm/adchoices Support our show by becoming a premium member! https://evergreenpodcasts.supportingcast.fm…
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
No enger schwéierer Kandheet am Texas plädéiert Alok Vaid-Menon mat Poesie a Comedy fir en tolerant Zesummeliewen. Haass kann een nëmme mat Léift bekämpfen, fënnt si. An d’Liewe wier ze kuerz fir sech iwwer Pronomen opzereegen. Si ass mat hirer neier Comedy Show "Hair Situation" e Sonndeg am Atelier. D’Claire Barthelemy huet sech hir Karriär ugekuckt.…
Vu senger Konscht kënnen ze liewen – de groussen Dram vun all Kënschtler erweist sech zu Lëtzebuerg zumindest um Pabeier als méiglech: 107 Leit hunn hei am Land de Statut d’artistes, 268 Leit dee vum Intermittent du spectacle. An der Praxis gesäit d’Saach allerdéngs e bësse méi schwiereg aus, dat net just zu Lëtzebuerg, ma och am Ausland: Am Frankräich ass beispillsweis de Prozentsaz vu Schrëftsteller:innen, déi vun hirem literaresche Schreiwen eleng liewe kënnen, zimmlech geréng. Virun e bësse méi wéi engem Mount huet een Artikel an der Luxembourg Times, an deem zwee Kulturschafender iwwert de Seeldanz tëschent Broutjob a Konscht geschwat hunn, fir ee (klenge) Shitstorm gesuergt, dat well de Journalist op eng liicht naiv Manéier e Portrait gezeechent huet vu Leit, déi daagsiwwer schaffen an nuets kreativ ginn, ouni ze hannerfroen, wéi et kéint sinn, dass deels renomméiert Kulturschafend et nawell net packen, vun hirer Musek, hirer Konscht, hirem Schreiwen, bref vun hirer Aarbecht ze liewen. Fir e bësse mat där Manéier, de kreative Beruff ze verklären, opzeraumen, hunn d’Kerstin Thalau an de Jeff Schinker haut véier Leit agelueden, déi mat eis iwwert d’Erausfuerderung vum onofhängege Schaffen diskutéieren: d’Kënschtlerin Julie Wagener, déi transdisziplinaresch Kënschtlerin Clio van Aerde, de Museker Tun Biever an de Schrëftsteller Antoine Pohu.…
Dëse Samschdeg ginn d’Diere vun der Architektur Biennale zu Venedeg op, a fir dës 19. Editioun ass och Lëtzebuerg mat der Ausstellung “Sonic Investigations” dobäi. En Donneschden a Freideg ass d’Avant-Première vun der Biennale. De Joé Birchen war de Moien (08.05) am Lëtzebuerger Pavillon a krut och schonns éischt exklusiv Ablécker an d’Ausstellung.…
De Mozart an de Reger hunn zu verschiddenen Zäite gelieft a sech deemno ni kennegeléiert. Beim nächste Concert vun der Kammerata Luxembourg begéinen déi zwee sech awer an engem eenzege Programm. Ganz nom Motto "Mozart a Reger am Dialog" geet et dorëms ze weisen, wat déi zwee gemeinsam hunn a wat si vuneneen ënnerscheet. D'Presidentin a Geiistin vum Grupp, d'Sandrine Cantoreggi, verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.…
De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen. An zwar an d'Paräis vum 17. Joerhonnert, fir méi genee ze sinn an de Palais du Louvre. Ënner dem Titel "Le Coup de Majesté” presentéiert den Ensembel Le Poème Harmonique ënner der Leedung vum Theorbist Vincent Dumestre a mat der Mezzosopranistin Eva Zaïcik eng Villfalt u Kläng aus dëser Epoch. De Programm ëmfaasst Balleten a Kammermusek bis zu Drénklidder, Vollekslidder an Extraiten aus italieeneschen Operen. D’Marie Trussart huet sech mam Vincent Dumestre, deen den Ensembel Le Poème Harmonique och matgegrënnt huet, iwwer seng Passioun fir d'Kultur vum 17. Joerhonnert ënnerhalen an doriwwer, wat fir eng Zäitrees de Public den Owend erwaart.…
Si ass Schrëftstellerin an Editrice, zënter 2012 leed si de Verlag Capybarabooks. Haut ass d‘Susanne Jaspers awer bei eis fir e Buch virzestellen, wat eng weider berufflech Richtung vun hir ausmécht. E Reesguide, deen eis duerch Lëtzebuerg féiert. "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" ass den Titel vun dësem Wierk, deen am Emons:-Verlag publizéiert ass. Wéi geet e vir fir 111 Plazen ze sichen an ze fannen a vill weider Froe beäntwert d'Susanne Jaspers am Gespréich mam Valerija Berdi.…
Am Kontext vum European Month of Photography, kuerz EMOP, ginn zu Lëtzebuerg grad eng Hellewull Fotoexpoen op. "Rethinking Photography" ass de Mount iwwerschriwwen. Vill jonk Fotokënschtler:innen hunn dësen Defi ugeholl, andeems si vereelzt Technike mat innovative Methode fir experimentell Fotoinstallatioune mixen. D'Stater Fotothéik ass esou eng Plaz, wou fréier Fototechniken an hir Pionéier preservéiert ginn. Den Owend invitéiert d'Ekipp op eng Konferenz zum Theema "D'Autochrome vum Batty Fischer". An d'Kerstin Thalau gouf gewuer, firwat esouwuel dee Fotograf wéi och seng Aarbechtsmethod bis haut begeeschteren.…
Der Marcy hir zweet EP wäert zäitgenëssesche Pop mat Rock-Elementer aus den 2000er Jore verbannen. Nodeems d'Kënschtlerin um United Islands of Prague Festival 2024 gespillt huet an am Februar 2025 fir Livingston an OneLastTime opgetrueden ass, wëlle mir de Point mat hir maachen.
"M for Amnesia" ass den Titel vum Roman, deen dëst Joer mam renomméierte Servais-Präis ausgezeechent gouf. An eiser Literaturemissioun "Déi wonnerbar Valibrairie" huet d'Valerija Berdi mat der Autorin vum Roman, der Anne-Marie Reuter geschwat. Hei ass en Extrait, wou d'Schrëftstellerin an Editrice iwwer hiert Wierk schwätzt. Dat ganzt Gespréich mat der Anne-Marie Reuter kënnt Dir an eiser Mediathéik lauschteren. “M for Amnesia” ass am Verlag Black Fountain Press publizéiert.…
"Ein musikalisches Feuerwerk zum Europatag" - dat ass de Motto vum Concert, deen Ad Libitum de 9. Mee Moies an der Kierch zu Mäerzeg spille wäert. De Lëtzebuerger Ensembel fir Barockmusek setzt sech zesummen aus 40 Museker:innen, vun deenen ee groussen Deel hei mat dobäi ass. Um Programm steet Musek vu fënnef Komponisten an am Fokus ass dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek. Nieft anere groussen Nimm wéi Vivaldi an Telemann stinn och zwee manner bekannt Komponisten op der Affiche. Een dovunner ass de Benedikt Anton Aufschnaiter, deem seng "Serenada della pace" gespillt gëtt. Am grousse Ganzen ass et e Concert, deen am Zeeche vum Fridde steet, well dat jo d'Haaptiddi hannert dem Europadag ass, wéi de Rosch Mirkes verréit. De Leeder vun Ad Libitum, erzielt méi am Gespréich mam Marie Schockmel.…
Dës spuenesch Bezéiungs- respektiv Trennungskomedie hunn de Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.
Eng Affekotin, déi Sexualverbriecher verteidegt, gëtt selwer zum Affer vun engem Viol, eng Schoulklass studéiert Frühlingserwachen vum Frank Wedekind a mierkt op eemol unhand vun hiren eegenen Erfarunge mat hirer Sexualitéit, wéi aktuell d’Wierk nach ass - an zwou Schauspillerinne weisen d’Limitte vum Feminismus. Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezenséieren haut déi dräi Theaterstécker "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam".…
Haut de Moien (05.05.) huet d’Philharmonie hir nei Saison virgestallt. De Programm baséiert op 4 Grondprinzipien: “Leading Figures”, “Une saison inédite pour notre orchestre”, “Les récits du Monde” an “Openness.Collaboration.”. Deemno stoungen déi grouss Klassikstaren am Vierdergrond, d’Lëtzebuerger Philharmoniker an enger Saison ouni Chefdirigent, Musek a Kulturen aus aller Welt, a Collaboratioune mat educativen Aktivitéiten. E Begrëff, dee wärend der Pressekonferenz och ëmmer nees opgetaucht ass, war d'Accessibilitéit. Wat dat genee heescht, erkläert de Christophe Mirkes am Gespréich mam Jeff Schinker.…
Am Géigendeel zum Siren’s Call, deen der Sintflut vum leschte Joer zum Affer gefall ass, huet de Messtival dat miserabelt Wierder vum leschte Joer iwwerlieft a geet a seng véierte Ronn. Domat gëtt en esou lues zu enger Institutioun am Süde vum Land. De Jeff Schinker huet den Organisateur Julien Primout an de Curateur Maz bei eis an de Studio fir ee Gespréich agelueden.…
Den 10. European Month of Photography, kuerz EMOP, ass mat "Rethinking photography" iwwerschriwwen. Kräiz a queesch uechter eis Kulturinstitutioune kënnt Dir vun elo u visuell Aarbechte vun internationalen an nationale Kënschtler:innen a Fotograf:innen entdecken, déi de Medium hannerfroen, an deels ganz experimentell Äntwerte ginn. An den Diddelenger Centres d'art Nei Liicht an Dominique Lang sinn Eenzelausstellunge vu Serge Ecker a Patrick Galbats opgaangen: an do dominéiert d'Fro a wéiwäit e Fotograf sech nei erfanne kann. D’Kerstin Thalau beim Expo-Hopping zu Diddeleng…
Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen, déi de Jonken d’Wuert gëtt. A well et ëm grouss an universell Theeme geet, kënne sech och déi manner Jonk domat auserneesetzen. D’Claire Barthelemy war fir eis kucken an huet mam Luc Spada, de Curateur, geschwat.…
"Dat bedeit puer Freed, well mir ganz vill Musek zesummen erlieft hunn", äentwert d'Maria Miteva op d'Fro wat déi 10 Joer Ars Nova Lux fir si bedeiten. Bei deem Ensembel ass si net nëmmen d'Flüttistin a Leederin, mee si huet en och virun 10 Joer zesumme mat der Komponistin Albena Petrovic an d'Liewe geruff. Am Fokus vun hire Concerte steet zanter dem Ufank Musek vu Lëtzebuerger Komponist:innen. De Samschden 3. Mee spillen si e Concert an der Philharmonie, mam Motto "Ways". Do geet et drëms, Kulturen zesummen ze bréngen. Dofir sti Wierker aus Japan, Bulgarien, Kroatien a Lëtzebuerg op der Affiche. D'Maria Miteva erzielt am Gespréich mam Marie Schockmel méi.…
Zu Lëtzebuerg ass EMOP: also European Month of Photography. A vu datt et déi 10. Editioun ass, hunn déi Lëtzebuerger Initiateure vun der Café Crème ASBL decidéiert, se ënner de Motto “Rethinking Photography” ze stellen. Op emoplux.lu gëtt ee gewuer, datt déi meescht Expoen tëschent dem 13. a 16. Mee opginn, dee Moment och en etlech international Fotografen am Land sinn, mee och momentan kënnt Dir schonn eng ganz Rei interessant fotografesch Decouvertë maachen. Esou zum Beispill am Nationalmusée um Fëschmaart…
Den 30. Abrëll spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker e Concert ënner der Baguette vum Gast Waltzing an dat ënner dem Titel “What a Wonderful World”. Den Titel huet awer näischt mam Lidd ze dinn, dat 1967 vum Louis Armstrong interpretéiert gouf. Vu wéi enger net esou wonnerbarer Welt do rieds geet a wéi eng Roll d’Musek spillt, fir Léisungen ze fannen, dat an nach vill méi verréit den Dirigent am Gespréich mam Marie Trussart. Awer och, wéi hien d’Entwécklung vun de Lëtzebuerger Philharmoniker an deene leschten 30 Joer matkritt huet.…
Hie war e reegelméissege Lieserbréifschreiwer am Luxemburger Wort, eng éischter konservativ an traditionell Vue op d’Welt zu Lëtzebuerg huet hie vermëttelt, hie war Franséisch- a Geschichtsprofesser, President vun der APESS, der Association des Professeurs de l'Enseignement Secondaire et Supérieur an huet 21 Bicher publizéiert. Lyrik a Prosa, fir d’Lescht koum säi Gedichtband “braises hivernales” d’lescht Joer bei Editions Phi eraus. Rieds ass vum Raymond Schaack, deen eis am Alter vun 88 verlooss huet. Seng Bicher a seng Stëmm sinn eis erhale bliwwen an déi ass ze héieren an Extraiten aus engem Gespréich mam Nathalie Bender. Wat d’Schreiwen, awer och den Enseignement, dem Raymond Schaack bedeit hunn, kënnt Dir an dësem Bäitrag vum Valerija Berdi lauschteren.…
Ee Roman, deen net méi provokant kéint sinn - a quasi eng Zort Pamphlet géint de Geescht vum politesch Korrekten duerstellt: Zwanzeg Joer no “Mammifères”, dem Enfant Terrible Pierre Mérot sengem grousse literareschen Erfolleg, verëffentlecht Rivages “Mammifères II”, an deem mir dem gehässegen Oncle mat zwanzeg Joer méi um Bockel erëm begéinen. Den Zynismus an d’sexuell Misär vum heterosexuelle Mann, déi virun 20 Joer, matten am Houellebecq-Boom, ganz den Nerv vun der Zäit getraff hunn, sinn haut iwwerlieft. Mee grad doraus mécht de Pierre Mérot eng Stäerkt - a verëffentlecht, esou fënnt de Jeff Schinker, een erfrëschende Roman iwwer eng net méi ganz frësch Figur.…
E Mann, en Hond, eng quasi Geeschterstad um Bord vun der Gobi-Wüst ... Dëse chineesesche Film leeft de Moment an eise Kinoen. De Michel Delage an d'Valerija Berdi hunn en am Grousse Kino beschwat.
Um Programm stinn direkt zwee Concoursen. Eemol den nationale Concours fir jonk Gittaristen. A fënnef Kategorië ginn hei déi talentéiertst Museker an hire jeeweilegen Alterskategorië gesicht. An dann och den Internationale Gittareconcours mat der grousser Finall, sonndes den 18. Mee an der Philharmonie. Donieft ginn awer och Ausstellunge mat Instrumenter, Liesungen, Workshoppen a Concerten ugebueden. Rendez-vousen, déi wichteg si fir d'Lëtzebuerger Musekszeen, wéi de Matorganisateur Hany Heshmat am Gespréich verréit.…
Si huet schonn eng Rei Short Stories publizéiert, d‘lescht Joer koum der Anne-Marie Reuter hiren éischte Roman eraus an elo gouf dëst Wierk, “M for Amnesia“, mam renomméierte Servais-Präis ausgezeechent. D‘Valerija Berdi huet mam President vum Jury vum Servais-Präis, dem Sébastian Thiltges, iwwer d‘Gewënnerbuch geschwat an nach e puer Andréck zesummegestallt. “M for Amnesia“ ass bei Black Fountain Press publizéiert.…
E Sonndeg um 11 Auer iwwerdroen de radio 100,7 an den opus 100,7 déi 7. Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie live aus der Congresshalle zu Saarbrécken. Ënner dem Titel “Friedensvisionen” dirigéiert den dänesche Museker Michael Schønwandt den Orchester mam Edward Elgar senger éischter Sinfonie an dem Benjamin Britten sengem Pianosconcerto a Ré Majeur. Solist ass de Steven Osborne. Am Viraus vum Concert huet sech d’SR-Kultur-Museksjournalistin Gabi Szarvas mam Michael Schønwandt getraff, fir iwwer de Programm, déi perséinlech Bedeitung vun der englescher Musek fir den Dirigent an och den Theema Fridden ze schwätzen.…
De Moie géint 10h22 ass d'Luxair De Havilland Q400 mam Atelier-Design vum franséische Kënschtler Loïc Lusnia gelant - eng Landung, déi de Partenariat tëschent dem Concert-Organisateur an der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft quasi offiziell inauguréiert huet. Virdrun hat den Atelier-CEO Laurent Loschetter zesumme mam Luxair-CEO Gilles Feith deen dräijärege Partenariat tëschent dem Atelier an der Luxair virgestallt. Gläichzäiteg hunn de Laurent Loschetter an d'Jette Kaiser ee kuerzen Abléck ginn an 30 Joer den Atelier, am Laf vun deenen eng 2.300 Concerten organiséiert goufen - a si hu geteast, wat nach alles u Festivitéite wäert kommen. De Jeff Schinker war trotz senger Fluchangscht schonn de Moie fréi um Findel - an huet sech mat der Jette Kaiser iwwer d'Festivitéiten an d'Kollaboratioun mat der Luxair ënnerhalen.…
Welcome to Player FM!
Player FM is scanning the web for high-quality podcasts for you to enjoy right now. It's the best podcast app and works on Android, iPhone, and the web. Signup to sync subscriptions across devices.