Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Player FM - Podcast App Go offline with the Player FM app!
Host Francesca Amiker sits down with directors Joe and Anthony Russo, producer Angela Russo-Otstot, stars Millie Bobby Brown and Chris Pratt, and more to uncover how family was the key to building the emotional core of The Electric State . From the Russos’ own experiences growing up in a large Italian family to the film’s central relationship between Michelle and her robot brother Kid Cosmo, family relationships both on and off of the set were the key to bringing The Electric State to life. Listen to more from Netflix Podcasts . State Secrets: Inside the Making of The Electric State is produced by Netflix and Treefort Media.…
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Déi véiert Produktioun vum Centaure dëst Joer ass och gläichzäiteg, wann een d’Reprise vun der “Poupée barbue” an den Accueil vun “Norma Jeane Baker de Troie” matzielt, dee véierte Monolog, deen een an de leschten aacht Méint am Centaure konnt gesinn. A "Prima Facie" geet et ëm eng knallhaart Affekotin, déi reegelméisseg Sexualverbriecher verteidegt - bis si selwer Affer vun engem Viol gëtt an de Justizsystem vun där anerer Säit kenneléiert. Mir hunn d’Metteuse en Marja-Leena Junker an d’Schauspillerin Céline Camara bei eis am Studio fir iwwer der Suzie Miller hiert Stéck ze schwätzen.…
Gëschter hunn déi ronn 45 jonk Sänger vun de Pueri Cantores de Shinkansen geholl fir a knapp zwou Stonne vu Kyoto op Tokio ze kommen. Et ass de séiersten a pénktlechsten Zuch op der Welt. Och soss ass hiren Alldag am asiatesche Land voll mat spannenden Entdeckungen. Ënner anerem wunne si bei Gaaschtfamillen an typesch japaneschen Haiser an iessen och déi traditionell Platen. Wien u Japan denkt, kann natierlech och net den Téi, spezifesch de Matcha, vergiessen. De Chouer huet eng ganz Stonn laang eng traditionell Téizeremonie materlieft. Nieft kulinareschen a kulturelle Momenter stinn och eng sëlleg Concerten um Programm. Een Highlight war hiren Optrëtt viru ronn 500 Leit am Lëtzebuerger Pavillon am Kader vun der Weltausstellung zu Osaka. Zwee vun de Bouwen an den Dirigent Pit Nimax verroden eis méi.…
Enn Mäerz hu sech d'Lëtzebuerger Militärmusek an hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun zesummefonnt, fir eng Rei Wierker opzehuelen. Ënnerstëtzung krute si dobäi vum éisträichesche Komponist an Dirigent Otto M. Schwarz, wéi och dem Sound-Ingenieur Lex van Diepen. Iwwer e puer Deeg hu si am Proufsall am Stater Conservatoire hir perséinlech Coup de coeuren opgeholl, déi si deemnächst och op de Streamingdéngschter erausbréngen. De Lex Kauffmann vum opus 100,7 huet dës Produktioun op der Plaz suivéiert.…
Wéi all Joer organiséiert d'Gemeng Beetebuerg säi Fest, bei deem dat geschriwwent Wuert am Mëttelpunkt steet. Dëst Joer ass et déi 13. Editioun vu LiteraTour an de Patrick Hurt schwätzt iwwer d'Programmatioun an d'Iddien, déi hanner LiteraTour stiechen.
Kierzlech gouf d’Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d’Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Hei ass et dann um Guy Rewenig a sengem Roman “Goss“, dee bei Editions Guy Binsfled publizéiert gouf.…
Am Kino leeft de Moment "Hard Times", deen zweeten Deel vum Wang Bing senger Youth-Trilogie, iwwregens eng Lëtzebuerger Co-Produktioun. De chineeseschen Dokumentarist huet fënnef Joer laang Textilaarbechter:innen iwwer d'Schëllere gekuckt. Hei en Extrait aus dem Interview, deen de Michel Delage d'lescht Joer mam Realisateur geféiert hat.…
D'Edith Haller ass eng bekannt Wagner-Interpretin, déi international vill gefrot ass. Si stoung schonn zu Bayreuth am Festspielhaus op der Bün an 2019 huet si hiren Debut an der Metropolitan Opera zu New York gefeiert. Den 19. Abrëll kann een d'Südtirolerin elo fir eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg erliewen, am Mierscher Theater. Do interpretéiert d'Edith Haller dräi Wagner-Arien zesumme mam Orchestre National des Jeunes du Luxembourg. De Christophe Mirkes huet am Virfeld e Gespréich mat der Edith Haller geféiert, an deem si eis mathëlt an d'Déifgrënnegkeet vun de Wagner-Operen. Si verréit och, datt et hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg a mat engem Jugendorchester ass. Dofir freet si sech op hiren Optrëtt zu Miersch ganz besonnesch.…
De Weekend war zu Paräis de Festival du Livre, déi gréisste Bicherfoire am Hexagon. Eng 450 Editeuren an Editricen an 1.200 Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen hu sech hei de Visiteure presentéiert. Dës Editioun stoung virun allem am Zeeche vum Retour an de Paräisser Grand Palais, dësen historesche Site, deen nees seng Diere fir d’Literatur opgemaach huet. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl war fir eis de Samschdeg um Festival ënnerwee an ass hei och engem Lëtzebuerger Literat begéint.…
Lescht Woch gouf d’Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d’Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Dës Kéier ass et um Buch vun der Anne-Marie Reuter. No Gedichter a Short-stories huet déi Lëtzebuerger Editrice a Schrëftstellerin Anne-Marie Reuter hiren éischte Roman publizéiert. “M for Amnesia“ ass den Titel vum Buch, dat bei Black Fountain Press erauskoum an et op d‘Shortlëscht fir de Servais-Präis gepackt huet ... Mir lauschteren, wat d‘Valerija Berdi an de Michel Delage zu dësem dystopesche Wierk ze soen hunn.…
No dem naturalisteschen "Sarah et Hugo" inzenéiert d'Véronique Fauconnet eng donkel ökologesch Dystopie, déi méi no un der Realitéit drun ass, wéi ee mengt.
Den opus a radio 100,7 sinn dëst Joer nees live fir Iech bei der Finall dobäi! Erlieft déi 3 Finalistinnen a Finaliste mat engem Programm vun iwwer 30 Minutte pro Kandidat. Ugemellt hu sech dëst Joer 80 Museker:innen aus der ganzer Welt ënner 35 Joer. Aus 12 Halleffinalisten a -finalistinne si gëschter 3 Talenter erausgesicht ginn, déi elo haut den Owend vun 19:00 un an der Finall op der Bün stinn.…
Fir déi éischt Editioun vum Internationale Klarinette-Concours am Kader vum Klenge Maarnecher Festival hu sech ronn 80 jonk Klarinettiste gemellt. An der Halleffinale mat 15 Leit huet den national an international unerkannte Jury elo entscheet, wien déi 3 jonk Finaliste sinn, déi muer géinteneen optrieden. Et sinn de Quentin Chartier aus Frankräich, de Sang-Jin Park aus Südkorea, an den Nuno Baptista aus Portugal. Den 11. Abrëll owes vu 7 Auer un iwwerdroe mir live d'Finall vum Concours aus dem Cube521 zu Maarnech.…
An och haut geet et weider mat der Presentatioun vun de Bicher, déi op der Shortlëscht fir de servais-präis 2025 zréck behale gi sinn. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d’Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Haut ass et dann um Buch vun der Carla Lucarelli mam Titel „Salztage + zurück“, dëst Gedichtband ass bei Editions Phi erauskomm.…
Welcome to Player FM!
Player FM is scanning the web for high-quality podcasts for you to enjoy right now. It's the best podcast app and works on Android, iPhone, and the web. Signup to sync subscriptions across devices.